D'Kleng- a Mëttelbetriber solle weider gestäerkt ginn

© Emmanuel Claude (Focalize)/Chambre de commerce
De Mëttelstandsminister Lex Delles an d'Presidente vun der Chambre de Commerce an der Chambre des métiers hunn dee Plang fir PMEe virgestallt.
Hei e puer Beispiller: Mat enger Sensibiliséierungscampagne soll den Entrepreneursgeescht an der Gesellschaft gefërdert ginn. Den Droit d'établissement soll zu Gonschte vun den Entrepreneure reforméiert ginn. Grad ewéi de Finanzement, dee méi accessibel soll ginn.
D'Aarbechtskonditiounen an de Betriber sollen un d'Entwécklunge vum Marché adaptéiert ginn. Eng nei Cellule soll Entreprisen evaluéiere kënnen, fir méiglech Problemer scho fréi z'erkennen an ze léisen. Déi administrativ Demarchë solle vereinfacht ginn.
Da sollen d'Salariéen a Klengen- a Mëttelbetriber och d'Méiglechkeet kréien, sech weiderzebilden a méi eng héich Qualifikatioun ze kréien. D'Entreprisen zu Lëtzebuerg wäerten dann och dobäi gehollef kréien, méi nohalteg an awer och méi international ze ginn.