Besser Kontrollen duerch en neit Gesetz?

D‘Versuerge vun eelere Leit suergt ëmmer nees fir Schlagzeilen, wa Residenten an Altersheimer plus ou moins sech selwer iwwerlooss ginn.
Fir zu Lëtzebuerg d'Servicer ronderëm d'Soine besser kontrolléieren ze kënnen, gouf rezent an der Chamber en neit Gesetz gestëmmt.
Deen Text war néideg, well et erméiglecht, eng Qualitéitskontroll vun de Leeschtungen zum Beispill an Altersheemer ze maachen. Dofir gouf eng ganz Lëscht ausgeschafft, dorënner Punkte wéi d'Deelhuelen um soziale Liewen, d'Abannen an d'Animatioun, ugepasste Menüen oder de Respekt vu hirem Privatliewen.
Et gëtt zwar schonn e Gesetz, dat d'Geneemegung fir en Altersheem gereegelt huet, ma do si just baulech Krittäre festgeluecht, z.B. wéi breet d'Diere musse sinn. Déi sozial Komponent ass an deem eelere Gesetz net dran an dofir huet ee fonnt, et misst een nobesseren.
Déi Qualitéitskontrolle gi vum nächste Joer un all 5 Joer vun Agente vum Familljeministère duerchgefouert. Dobäi gëtt da mat der Gerance, mam Personal a mat den Awunner vun engem Altersheem geschwat. An all Beräich gëtt et eng Nott, zum Schluss gëtt dann eng Moyenne gerechent. Läit d'Struktur oder de Service ënnert 70% vun de Punkten, muss nogebessert ginn.
Nogebessert gëtt och an engem Punkt, deen an der Vergaangenheet fir Ierger gesuergt huet. Beim sougenannte Logement encadré, engem gesetzlech festgeluechte Kader, wou jo u sech ee Fleegeservice am Haus soll sinn. Do goufen et Fäll, wou eeler Leit iwwert den Dësch gezu goufen, well hinnen de Logement dann z.B. als Logement adapté pour personnes âgées verkaf gouf. Dat ass awer kee geschützte Begrëff, soudass de Promoteur sech net un déi gesetzlech Ufuerderungen hale misst.
Mam neie Gesetz gëtt déi Lacune ewechgeholl: Et gëtt keng Geneemegung méi fir esou e Logement encadré: Amplaz muss elo all Promoteur, deen a senge Reklamme fir Wunnenge geziilt eeler Leit uschwätzt, sech un déi am Gesetz festgeluechte Krittären halen, ganz egal, wéi e seng Projeten nennt.
D'Gesetz trëtt am Februar 2024 a Kraaft. Ob et elo méi streng Standarde setzt wéi am Ausland, kann een net soen. Eng entspriechend Etüd war ugefrot, ass awer nach net fäerdeg.