Well d'Kabele vum Foussgängeriwwergank an engem schlechten Zoustand sinn, gouf eng Stabiliséierungskonstruktioun en place gesat.

Wien zu Dikrech hannert der Gemeng laanscht d'Sauer trëppelt, deem dierft opfalen, datt déi sougenannte Fisselsbréck Verstäerkung kritt huet. Um Ufer op der Säit vun der Märei goufen nämlech véier Bëtongspiliere gegoss, op déi eng metalle Konstruktioun gesat gouf.

Op Nofro hin erkläre Ponts et Chaussées, datt am Fréijoer festgestallt gouf, datt d'Kabele vun der Bréck an engem "ganz schlechten" Zoustand sinn. Dofir gouf eng Konstruktioun zur zousätzlecher Stabiliséierung gebaut. Parallel géing awer och un enger kompletter an definitiver Sanéierung vun der Bréck geschafft.

D'Aarbechten un, respektiv ënnert der 70 Meter laanger Bréck aus dem Joer 1975, déi aus Stol a Béton armé besteet, hu 60.000 Euro kascht.