Virun engem hallwe Joer hat d'Spidolsfederatioun ee Wäissbuch eraus ginn mat hirer Visioun, wat am Secteur bis 2030 misst ëmgesat ginn.

Revendicatiounen FHL - Reportage Jean-Marc Sturm

Virun de Walen ass sécher ee gudden Zäitpunkt, fir dass d'FHL un hir Haaptrevendicatiounen erënnert. Am Spidolssecteur huet een zënter 3 Joer an Aarbechtsgruppen un den Themefelder geschafft, déi Basis solle si fir zukünfteg Decisioune ronderëm de Spidolssystem heiheem.

Eraus koume 6 grouss Achsen, déi der Santé allgemeng an och der Liewensqualitéit ze gutt solle kommen.

Bei Theme wéi zum Beispill Garden an Astreinten oder Verbesserungen a Saachen IRM hätt et an der lescht scho Progrèse ginn, esou d'FHL. Et missten awer nach weider Akzenter gesat ginn.

De Beruff vum Generalist misst méi attraktiv gemaach ginn. Et wëll een d'Ëmsetze vun engem engem Master an der Basis-Formatioun vun Dokteren, mat parallel och enger Formatioun fir medezinesch Spezialisatiounen.

Wichteg wier och eng Equippenaarbecht tëscht den Doktesch-Beruffer. Net ze vergiessen eng effikass Digitalisatioun, fir dass dat Administratiivt manner Gewiicht huet an den Dokter méi Zäit fir de Patient huet.

Dee Patient misst och am Mëttelpunkt vum ganze Gesondheetssystem stoen. Ugefaange mam Accès zu de verschiddene medezinesche Servicer bis bei eng Hospitalisatioun Doheem. Et wëll een de Patient als Partner gesinn, derbäi ee besseren Austausch vun Informatiounen.

D'Digitaliséieren zitt sech och hei wéi ee roude Fuedem duerch d'Revendicatioune vun der Spidolsfederatioun. D'FHL plädéiert weider fir Assisë vun de Gesondheetsberuffer fir op nationalem Plang den néidege Pilotage ze kréien an dem Besoin u genuch a guddem Personal gerecht ze ginn.

E weidere Punkt betrëfft déi finanziell Ressourcen, déi néideg sinn fir eng responsabel, flexibel an innovativ Gesondheetspolitik. Do géif dat Digitaalt ëmmer méi Gewiicht kréien. Dofir brauch ee Leit a Geld, an alleguer d'Acteure misste mat agebonne ginn.