Eng Helikopter-Landeplaz suergt fir Opreegung zu Ischpelt
Virun engem gudde Joer sinn d'Awunner vun Ischpelt am Norde vum Land quasi aus alle Wolleke gefall.
Dat wéi si gewuer goufen, dass den Hotel bei hinnen am Duerf, d’Ischpelter Schlass, eng privat Landeplaz fir en Helikopter matzen am Duerf ugefrot hätt. Zwar lant aktuell an der Clierfer Gemeng nach ëmmer keen Helikopter, ma d’Fronte schénge verhäert, et freet ee sech just, firwat?
Iwwert den Hotel selwer ass ee frou, mä dass matzen am 160-Awunner-Duerf Ischpelt iergendwann privat Helikoptere landen, dat kënnt fir d’Biergerinitiativ "Keen Heliport zu Ischpelt" einfach net a Fro, d'Plaz wier ze no un den Haiser. Et fäert een nieft dem Kaméidi selwer och de Wäertverloscht vun den Terrainen. A gréng wier dat och net an enger Naturpark-Gemeng.
"Wa Leit lo e gewësse Projet wëllen duerchkréien, da muss den Impakt op d’Ëmwelt gekuckt ginn. Dann ass dat de Rotmilan, den Turmfalke, de Biber, etc, an och d'Liewensqualitéit vun de Bierger am Duerf. Mä hei an dësem Fall spillt dat keng grouss Roll, an dat ass eppes, wat mir net verstinn", erkläert den Erny Kremer.
Effektiv confirméiert den Ëmweltministère op Nofro an engem Schreiwes, Studien zum Rotmilan an zu de Fliederméis bräicht et an dësem Fall net: "De Projet gëtt op engem existente Parking geplangt, eng Fläch, déi kee Juegd- a Bruthabitat vum Routmilan ass. Eng Kapell, déi vun der Wimperefliedermaus genotzt gëtt, gouf an der Kaméidisetüd mat betruecht (...) Zousätzlech ass am Dossier präziséiert, dass d'Helikoptere just am Dag vun 8 bis 21 Auer fléie wäerten, esou dass den Impakt op Fliedermais, déi nuets aktiv sinn, minimal ass. Doriwwer eraus läit d’Kapell an der Richtung vun der Achs B, déi just soll zu 5 % vun der Zäit genotzt ginn, also nëmmen an Ausnamefäll. Och fir aner Déieren huet sech net d'Noutwendegkeet vun enger Etüd erginn". Och heescht et am Schreiwes: "Generell sief drop opmierksam gemaach, dass am Kader vun de genannte legislativen Texter den Impakt vun engem Projet op d'Schutzziler objektiv analyséiert a bewäert gëtt. Déi genannten Texter erlaben der Ëmweltministesch net, d'Opportunitéit oder d'Sënnhaftegkeet vun engem Projet ze bewäerten, si kann och keen anere Site imposéieren."
Grad esou wéineg Handhab huet, eegener Ausso no, d'Gemeng. Zwar ass ee politesch géint de Projet, ma legal gëtt autoriséiert, wat de Bebauungsplang (PAG) erlaabt. Den neie Buergermeeschter Georges Keipes betount, d’Gemeng hätt keng Kompetenz, fir eng Flucherlabnis ze ginn.
Dofir ass d'Aviation civile zoustänneg, wou den Dossier och agaangen ass: Ugefrot sinn 52 Trajeten hin an zeréck am Joer. Awer: Eng Autorisatioun gëtt et eréischt, wann alles bis fäerdeg do steet. Vill Wand ëm nach näischt also. Am Hotel hält ee sech bedeckt: Den Heliport wier ewell zanter 10 Joer an der Planifikatioun, hätt awer aktuell keng Prioritéit.
D’Biergerinitiativ bleift nawell um Qui-vive.