Knapps ee Mount laang war säi Kand fort. E betraffenen Elterendeel huet eis erzielt, wéi hien dat alles erlieft huet.

D'Nimm vum Elterendeel a vum Kand wäerte mir net soen an och wéini d'Kand vermësst gouf bleift anonym, fir d'Famill ze schützen. Esou vill kann awer gesot ginn: Knapps Doheem, war d'Kand rëm fort.

Wéi d'Kand net Heem komm wier, wier am Ufank kloer gewiescht, dass et net entféiert gouf oder dass Schlëmmeres geschitt wier. Vun Ufank u wier d'Famill sech sécher gewiescht, wou d'Kand wier, et huet een et awer bei der Police als vermësst gemellt. D'Persoun deelt de Verdacht mat der Police. D'Kand wier fortgelaf, et géing also keng Urgence bestoen. "Dass d'Kand fort war, war déi éischt Woch net sou dramatesch, well ech jo zimmlech sécher wousst, wou et ass. Wat méi Zäit vergaangen ass, wat ech mir awer méi Suerge gemaach hunn", sou den Elterendeel.

Bei der Police wier et net virugaangen. Zesumme mat Frënn a Famill hätt ee sech zesummegedoen an iwwerluecht, wéi een d'Kand kéint erreechen. Iwwert d'sozial Netzwierker si si dunn un déi mannerjäreg Persoun komm. D'Kand wier dunn erëm heemkomm, awer réischt nodeems et seng Saachen op déi Plaz siche gaangen ass, wou et op alle Fall déi éischt Zäit ënnerkomm ass.

"Ech war zimmlech sécher, dass et do ass. Ech hunn der Police dat och gesot, si sinn dohi gefuer hu gefrot an den aneren Elterendeel huet gesot, d'Kand wier net do."

Elo wou d'Kand erëm doheem war, huet et dem Elterendeel alles erzielt, wat an deem Mount geschitt ass, wou et net doheem war. "D'Situatioun ass elo nach vill méi schlëmm ginn. Et ass an engem ganz komesche Frëndeskrees. Si klauen, verkafen a consomméieren Drogen. Et ass ganz schlëmm, wat et mir alles do erzielt huet."

Zënter e puer Méint scho stoung den Elterendeel a Kontakt mat verschiddenen Organisatiounen a Foyeren. Et hätt een nämlech scho gemierkt, dass sech d'Situatioun mat den Drogen zum schlechten entwéckelt. "Déi hunn natierlech dauernd ugeruff a wollte wëssen, wat den neiste Stand ass, wou d'Kand fort war." Ma den Elterendeel selwer krut keng nei Informatioune vun der Police.
"All Kéiers, wann ech um Policebüro war, huet een anere mat mir geschwat. Se waren zwar alleguer ganz fein, mee hëllefe konnte si mir net." 

Den Elterendeel wëll zwar net all Service schlecht maachen, well een un déi ugewisen ass, ma allgemeng fënnt hien de ganze System awer problematesch.

"All Fall muss individuell betruecht ginn", sou d'Police

Wann eng Persoun bei der Police vermësst gemellt gëtt, ginn et direkt e puer wichteg Informatiounen, déi fir den zoustännege Polizist wichteg sinn. Sou brauch en eng detailléiert Beschreiwung vun der vermësster Persoun. Mee och d'Ëmstänn si fir d'Police vu grousser Wichtegkeet. Sou gëtt e Fall mat Abschidsbréif anescht traitéiert wéi e Mineur, deen zum Beispill aus engem Foyer fortgelaf ass. D'Police hëlt Kontakt mat der Famill vum Vermëssten op an deemno wéi gëtt och d'Plaz ënnersicht.

Wann den zoustännege Polizist all d'Informatiounen zesummen huet, gëtt zesumme mam Parquet gekuckt, wéi de Fall anzestufen ass. Heibäi spillen zum Beispill de Gesondheetszoustand wéi och den Alter vun der verschwonnener Persoun eng Roll. Hei ënnerscheet d'Police mam Parquet zesummen dann tëscht enger "beonrouegende Vermësstenaffär" oder enger "net-beonrouegende Vermësstenaffär".

Wärend d'Police hir üblech Enquête mécht, kënne vum Parquet weider Mesuren decidéiert ginn. Dozou gehéiert och d'Verëffentlechung vun enger Vermësstemeldung. Dëst gëtt awer vu Fall zu Fall entscheet.

Méi streng bei de Mineuren

Bei Mineure geet een am Prinzip awer ëmmer vun enger "beonrouegende Vermësstenaffär" aus. De Parquet gëtt heibäi systematesch a Kenntnis gesat.

Gëtt de Fall als net-beonrouegend agestuuft, ass dat meeschtens de Fall, wann de Mineur op d'Fugue ass. Dat heescht en ass zum Beispill aus engem Foyer fortgelaf. "An deene Fäll kann d'Plaz, op där sech déi vermësste Persoun ophält, dacks séier ermëttelt ginn oder déi vermësste Persoun taucht no kuerzer Zäit rëm op", sou d'Explikatioune vun der Police.

Trotzdeem géif net näischt gemaach ginn. Et géif een da weider Informatioune sammelen an dës intern weiderleeden, fir dass d'Beamten um Terrain d'Aen ophale kënnen.

Keng Zäit verléiere bei Entféierungen

Wann de Verdacht besteet, dass e Kand entféiert gouf, wier eng aner Prozedur virgesinn, wou och aner Mesurë méiglech sinn.

"Dat ka bis hin zum Déclenchement vun enger Amber Alert goen. Och nees op Uerder vum Parquet", sou d'Police.