"Rettung" aus 15 Meter Héicht De CGDIS üübt op der Fouer den Eeschtfall

Anne Wolff
En Dënschdeg hunn d'Rettungsdéngschter um Glacis fir de Fall geprouft, wann e Spill géif hänke bleiwen.
"Rettung" aus 15 Meter Héicht: DE CGDIS üübt op der Fouer den Eeschtfall
En Dënschdeg hunn d’Rettungsdéngschter um Glacis fir de Fall geprouft, wann e Spill géif hänke bleiwen.

D‘Fouer steet virun der Dir, an do ass natierlech d’Sécherheet e grousst Thema, och op de Spiller. En Dënnschten huet de CGDIS um Glacis den Eeschtfall geprouft, wann ee Manege géif hänke bleiwen.

Op 15 Meter Héicht hëlt d’Spezialunitéit vum “GRIMP” déi Fräiwëlleg aus der Gondel. All eenzel Persoun muss dobäi mat Seeler geséchert ginn.

Bei der Übung kann ee sech Zäit huelen, fir sech a Rou ze preparéieren an den optimalen Zenario auszetesten: Wéi klëmmt een erop, wou steet de Kran am beschten? Ass deen eemol placéiert, gëtt d’Gefier nämlech net méi geréckelt.

Am Eeschtfall geet dat ganzt däitlech méi séier. Bannent enger Hallwer Stonn kéint een op der Plaz sinn.

Fir dass dat klappt, mussen d‘ Weeër bei d’Spiller am Noutfall séier kënne fräigemaach ginn. D‘Pläng fir d‘ Accèse sti schonn zanter Méint, déi ganz Fouer ass no engem Buschtawen- an Zuelecode opgedeelt. Éier d’Pompjeeën awer un d’Spill selwer ginn, musse se sech mam Bedreiwer iwwert de Fonctionnement austauschen.

No e puer Onglécksfäll am Ausland ass een op dëser Übung beméit, d‘Sécherheetsmesuren op der Schueberfouer transparent ze maachen.

Natierlech hofft een, dass et bei der Übung bleift. Déi gréisste Gefor dierft statistesch gesi wuel éischter am Patt ze vill wéi um Spill laueren.

Back to Top
CIM LOGO