E Mëttwoch am Nomëtteg um 17 Auer war et esou wäit. Um Glacis gouf d'Bändchen duerchgeschnidden an d'Schueberfouer 2023 ass offiziell op.

Vum 23. August bis den 11. September ass um Glacis an der Stad rëm eng méi lass. Méi wéi 200 Stänn, Spiller an Iess- a Gedrénksbude sinn op der Schueberfouer vertrueden. Ronn 35 Prozent vun de Foraine sinn tatsächlech Lëtzebuerger. 32 Prozent si Fransousen, hannendru sinn dann d'Belsch an d'Däitscher.

Bei de Spiller kann ee sech dëst Joer op fënnef Neiheete freeën. Dorënner och eng XXL-Versioun vun der Wilde Maus, wou d'Erliefnis mat engem VR-Brëll nach méi aussergewéinlech soll sinn. Fir d'Kanner sinn zwou komplett nei Attraktiounen dobäikomm a véier Iessbude ginn et méi.

Familljendag ass mëttwochs, den 30. August. Hei kann ee fir nëmmen d'Hallschent vum Präis op d'Spiller an d'Attraktiounen. Mee och de leschte Fouer-Dag, also den 11. September, lount sech de Besuch méi. Hei sinn d'Präisser och ëm 50 Prozent reduzéiert. Zum Ofschloss vum leschten Dag gëtt et dann och rëm ganz traditionell e Freedefeier.

Wéi eng Spiller solle mir fir Iech testen?

Opgrond vun de Präisser muss ee bei de Spiller eventuell selektionéieren, op wéi eng een onbedéngt goe wëll. Fir Iech e besseren Iwwerbléck ze ginn, gi mir d'Spiller probéieren. Maacht hei mat fir ofzestëmmen. Déi fënnef meescht genannten Attraktioune gi mir fir Iech testen.

Fotoe vun der Schueberfouer 2023