ChamberwalenÉier a knapp 2 Méint gewielt gëtt, wëll eng Kandidatin keng Stëmmen

Roy Grotz
Op der Nord-Lëscht vu Liberté-Fräiheet vum Ex-ADR-Deputéierte Roy Reding, huet d'Jessica Schiltz annoncéiert, datt Si net wéilt gewielt ginn.
© Screenshot aus Facebook-Video

D'38 Joer al Dikrecher Handwierkerin seet an engem perséinlechen Video, datt Si “Diffamatiounen a Ligen net néideg hätt, an datt Aneren hir Valeuren entgleist wieren”. Si géif sech duerfir aus der Course ëm d’Chamberwalen zeréck zéien.

D’Jessica Schiltz géif als “roueg” Kandidatin mat an d’Walen goen, déi dann och d’Leit freet, hir keng Stëmm ze ginn.

Domat sinn elo am Prinzip nach 8 Kandidaten op der Nord-Lëscht vu Liberté-Fräiheet, déi Stëmme sammele wëllen.


LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen

Back to Top
CIM LOGO