
Fir zwou Famillen aus Eritrea, déi de Statut hunn, ass dat Realitéit. D’Claudia Kollwelter huet mat béide Familljen iwwert hir Situatioun geschwat.
D’Milete Gebremsekel huet 34 Joer an huet mat hire 4 Kanner tëscht engem an 8 Joer zanter 2016 an engem Appartement mat enger Kummer zu Bartreng gewunnt:
“De Kontrakt war dunn eriwwer 2022 an ech wousst, datt ech eppes Neies siche misst. Ech war och a Kontakt mat ënnert anerem der Assistante sociale, mee ech hu näischt fonnt...”
Well also soss keng Wunneng fonnt gouf, musse si elo an en Hotel op Kielen:
“Mee wéi soll ech mat deene 4 Kanner an engem Hotel liewen? Dee Klengsten huet 1 Joer. Et ass wierklech net einfach...”
Mat 4 Kanner tëscht engem an 8 Joer mécht d’Milete Gebremsekel sech extrem Suergen, wéi et viru soll goen – d’Kanner gi weider zu Bartreng an d’Schoul, mee dono sëtze si dann an enger Hotelskummer fest.
Eng Situatioun, an där d’Famill Abraham Teclemariam schonn zanter Mee lieft. D’Mamm erzielt ënner Tréinen, wéi si 2016 iwwert d’Mëttelmier an Europa a schlussendlech op Lëtzebuerg koum. Iwwer 4 Joer hu si an engem Haus zu Péiteng gewunnt mat 4 Kanner, déi an tëscht tëscht 11 an 22 Joer hunn. D’Yasmin huet 15 Joer an erkläert wéi si zanter 3 Méint an 2 Hotelszëmmeren zu Léiweng wunnen:
“Et ass keng Kichen do, d’Toilette an d’Dusch sinn an engem Zëmmer. Et ass keng Plaz fir d’Schoulsaachen, eis Hausaufgabe musse mer um Bett maachen a mer musse méi fréi opstoen, fir méi fréi an der Schoul ze sinn an et ass mega wäit.”
En extreme mentale Stress net just fir déi elengerzéiend Mamm, mee och scho fir d’Kanner. D’Nathalie Reuland vun der “Coalitioun Wunnrecht” erkläert, datt wunnen net just extrem wichteg ass:
“Et ass e Mënscherecht. Bei der Coalitioun Wunnrecht soe mer, datt et ee vun den éischte Besoinen ass, deen erfëllt muss sinn, fir datt e Mënsch ka raschten, schlofen, eng Plaz hunn, fir sech säin Iessen zouzebereeden, zesumme mat senge Léifste sinn an a Rou. Eréischt dann ass de Kapp fräi!”
D’Leit wieren drop ugewisen, datt eppes zur Verfügung gestallt gëtt zu wierklech abordabele Präisser, dofir mécht d’Nathalie Reuland och den Opruff, datt wa Leit eng eidel Wunneng hunn, si sech solle mellen, well et vill sou Beispiller ginn, wou Leit ganz schlëmm vum Logementsproblem betraff sinn.