An eiser Serie besiche mir dës Woch all Dag eng Lëtzebuerger Famill, déi iwwert d'Grenz geplënnert ass. Den Ufank mécht d'Nathalie Ricote.

Zënter dësem Mee lieft d’Nathalie Ricote mat hiren zwee Kanner am franséischen Duerf Mondorff knapp 1 Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz. Ronn 20 Joer huet si virdrun an der Miseler Géigend an der Gemeng Bous mat hirem Mann an engem Haus gelieft. No der Scheedung entscheet sech de Mann auszewanderen, d’Haus gëtt verkaf an domat hunn dem Nathalie Ricote seng Kanner keng Adress méi zu Lëtzebuerg. Fir de Bouf vu 16 Joer ass dat kee Problem. Hien ass zu Lëtzebuerg am Lycée an dierf och weiderhin do an d’Schoul goen. Beim 8 Joer alen Eryn ass dat ganzt e bësse méi komplizéiert.

Dat jonkt Meedchen dierf net méi zu Bous an d’Schoul goen, huet nieft engem neien Doheem elo och all seng Frënn a seng Schoul misse verloossen. Vu September u geet hatt dann elo a Frankräich an d’Schoul. Eng Decisioun, mat där d’Nathalie Ricote net ganz zefridden ass. Si hat hiert Meedche léiwer zu Lëtzebuerg an enger Primärschoul gehat. Dat wéinst dem Schoulsystem.

A Frankräich muss dat klengt Eryn nämlech vun engem Joer op dat anert Franséisch schreiwen a liese kënnen an ass am Verglach zu senge Matschüler domat hannendran. Mä et ass net nëmmen dat. A Frankräich hunn d’Schüler nämlech aner Vakanze wéi zu Lëtzebuerg. Deemno wäerten hire Bouf an hiert Meedchen net ëmmer gläichzäiteg Vakanz hunn, wat et fir déi elengerzéiend Mamm immens schwéier mécht béide Kanner gerecht ze ginn, a mol zesumme fortzefueren.

D’Nathalie Ricote huet alles versicht, fir hiert Meedchen zu Lëtzebuerg an enger Schoul ënnerzekréien. Demanden un d’Schoul zu Bous, Demandë bei der Stad Lëtzebuerg, der Gemeng Schengen a beim Educatiounsministère goufen all refuséiert oder ignoréiert.

Hätt si dat am Viraus gewosst, wier déi kleng Famill net iwwert d’Grenz geplënnert. Elo géif een awer versichen dat bescht aus der Situatioun ze maachen. Wierklech en anere Choix hätt een nämlech net. D’Nathalie Ricote huet zwar eng Aarbecht, ma zu Lëtzebuerg eppes ze lounen ass finanziell net einfach, zemools mat zwee Kanner a just enger Pai.