Op der Fouer accouchéiertE Samschdeg den Owend huet eng Fra hiert Kand op der Fouer kritt

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS eis op Nofro hi bestätegt huet, koum et e Samschdeg den Owend zu engem éischter ongewéinlechen Asaz um Glacis.
© RTL

Géint 21.30 Auer gouf den 112 alertéiert, dass eng Damm géif op der Fouer accouchéieren.

Wéi d’Ekipp op der Plaz ukomm ass, war d’Kand schonn op d’Welt komm. E fräiwëllege Pompjee war scho virdrun op der Plaz an huet d’Gebuert begleet. Wéi et vum CGDIS heescht, huet et sech wuel ëm eng Sturzgebuert gehandelt.

De fräiwëllege Pompjee erzielt vun der Gebuert op der Fouer

D’Kand an d’Mamm sinn uschléissend mat enger Ambulanz, zesumme mam SAMU-Dokter, an d’Spidol gefouert ginn.

Souwuel der Mamm, wéi och dem Kand geet et gutt.

Back to Top
CIM LOGO