Ministèren deele matIRM'en am Ausland ginn ënner Konditioune rembourséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Ministèrë fir Santé a Sécurité sociale stelle verschidde Saache bei der Prise en Charge vu Prestatiounen am Ausland kloer.
© Envato Nikita_Karchevskyi

Do ware sech op de soziale Reseaue besonnesch Froe gestallt ginn, wéi et ëm d’Zréckbezuele vun IRM’e baussent Lëtzebuerg steet. Dee Remboursement ass weider assuréiert, wann deen IRM heiheem net bannent engem raisonnabelen Delai aus medezinescher Siicht ka gemaach ginn, heescht et vun der Regierung. Eng formell Autorisatioun op Basis vun enger offizieller Demande bei der CNS wier also net néideg.

Et sollt een trotzdeem esou eng Demande bei der Gesondheetskeess am Virfeld maachen. Do kéint dann déi néideg Iwwerpréiwung gemaach ginn. Dat hätt och de Virdeel, datt direkt den “Tiers payant” spillt an den Assuré keng Sue muss virstrecken.

Communiqué vun de Ministèrë fir Santé a Sécurité sociale

Back to Top
CIM LOGO