Schonn zanter Jore gëtt den ëffentlechen Agenda och iwwert déi sozial Medie beaflosst. Dobäi stellt sech d’Fro: Wéi grouss ass den Afloss wierklech?

Veränneren hir Inhalter eis politesch Positioun?

Mir sortéieren den aktuelle Fuerschungsstand beim Thema Afloss vu soziale Medien op déi politesch Meenungsbildung. Am Gespréich huet den Tim Morizet den Dr. Jörg Haßler. Dozent um Institut fir Kommunikatiounswëssenschaften op der Ludwig-Maximilians-Universitéit zu München. Den Dr. Jörg Haßler ass spezialiséiert op déi digital demokratesch Mobiliséierung an hybride Medie-Systemer.

Tim Morizet: Et héiert een dacks, datt déi klassesch Medien ëmmer méi un Impakt beim Wieler verléieren. Wéi eng Chance(n) bidden déi sozial Reseauen de Parteie wierklech?

Dr Jörg Haßler: Sozial Medie bidden de Virdeel, datt Parteien a Politiker de Public direkt erreeche kënnen. Mir gesinn, datt déi traditionell Bindung zu enger Partei ofhëlt. Dat heescht, datt d’Leit net méi wärend hirem Liewen ëmmer hannert der nämmlechter Partei stinn. Gläichzäiteg gesi mer, datt den Undeel vu Leit, déi sech eréischt spéit bei enger Wal fir eng Partei entscheeden, weider zouhëlt. An där Konstellatioun sinn déi sozial Medie fir eng Partei richteg intressant, well e Public erreecht ka ginn, wat nach net richteg “gebonnen“ ass.

TM: Mee, wéi grouss ass den Impakt wierklech? Den Impakt op eis politesch Meenung an do duerno, och op Walresultater?

Dr Jörg Haßler: Et gi Studien iwwert den Impakt vu soziale Medien op d’Verännerung vun der Astellung an der Populatioun. Wat een do ëmmer erëm gesäit ass, datt den isoléierten Effekt vu social media-Kommunikatioun, awer och online-Kommunikatioun, verhältnisméisseg kleng ass. Deen Effekt kann awer an der Kombinatioun mat anere klassesche Medie ganz staark ginn.

Et kann een dat ganz gutt mat der Walcampagne vum Donald Trump illustréieren. Deen huet d’sozial Reseauen ëmmer nees benotzt, fir ze provozéieren, fir ze picken. Op de Plattformen, ewéi Twitter, huet en e gewëssent Publikum erreecht. Dat Publikum ass awer net representativ fir de Rescht vun den USA. Wéi d’Campagne duerno awer fonctionéiert huet ass, datt traditionell Masse-Medien dës Messagen opgegraff hunn an den Donald Trump an de Masse-Medien ëmmer nees e Risen-Thema war.

TM: Kënne sozial Reseauen da méi ewéi just gesellschaftlech Debate verstäerken? Oder präge se effektiv déi politesch Meenung vun der Gesellschaft?

Dr Jörg Haßler: Et kënnen engersäits nei Theme wärend dem Walkampf diskutéiert ginn. Parteie kënnen op hire Plattformen op Problemer opmierksam maachen. Gläichzäiteg kann op Debatten, déi grad lafen, reagéiert ginn. Mir gesinn a ville westleche Länner, datt virun allem populistesch Parteie probéieren, “social media“ als eng Zort "Géigen-Ëffentlechkeet" opzebauen. Dat klappt a munche Länner mat Succès. An Däitschland zum Beispill, mee och a Spuenien oder Frankräich. Et ass awer esou, datt déi "Géigen-Ëffentlechkeeten" och net isoléiert fonctionéieren. Och hei ass nees eng Verbreedung duerch d’Masse-Medien néideg, fir datt dës Debaten iwwerhaapt kënnen opgegraff ginn. Soss géife sech dës Debaten dacks nëmmen ënner Partei-Unhänger ofspillen.

TM: Kann ee soen, datt déi méi riets orientéiert Parteie besser ewéi hir politesch Géigner verstanen hunn, wéi déi sozial Medie fonctionéieren?

Dr Jörg Haßler: Mir gesinn a ville westeuropäesche Länner, datt d’Social media-Notzung virun allem fir populistesch Parteien Avantagë bréngt. Do ass generell den Narrativ, datt ee vun de Masse-Medien ongerecht behandelt gëtt. Déi eegen Theme ginn net richteg beaarbecht. Et gëtt ee gréisstendeels negativ duergestallt. An deem Kontext notze populistesch Parteien d’sozial Medien fir eng "Géigen-Ëffentlechkeet" opzebauen a quasi alternativ “Kanäler“ anzesetzen. Do kann et da scho klappen, datt een Theme setzt, datt een Debaten opgräift an domat nees Opmierksamkeet kritt. Generell ass hei de Potential awer limitéiert. Déi populistesch Unhänger erreechen domat virun allem hir Unhänger a sinn nees op journalistesch Publikatiounen ugewisen, fir an de breede Public kommunizéieren ze kënnen.

Mee d’Zuel un zum Beispill Facebook-Likes sëtzt sech net eent zu eent bei Walen ëm. Mir gesinn, datt eng Partei kuerz vu Réckewand profitéiere kann. Mee mat enger geschéckter social media Campagne schaaft een och just kuerz Réckewand.

TM: Stéchwuert: Polariséierung. Dreift den Algorithmus an d’Verhale vum User um Internet d’Meenung vun de Leit an eng bestëmmte Richtung? Verstäerkt dat d’Spléckung vun der Gesellschaft?

Dr Jörg Haßler: Bei den Etüden ass et esou, datt dacks d’USA fokusséiert ginn. Hei dréint alles ëm 2 Parteien. Dat Wësse kann een also schwéier op West-Europa transferéieren. Wat een awer ka gesinn ass, datt déi Diskussioun ronderëm Filterblosen eigentlech net den Haaptproblem bei der Notzung vu soziale Medien ass. Mir gesi souguer, ganz am Géigendeel, datt Notzer vu soziale Medien mat ville verschiddenen Informatiounen a Kontakt kommen.

Hei gëtt et eng Etüd wou d’Twitter-Notzer dozou opgeruff goufen, Kanäl mat Informatiounen ze consomméieren mat deene se schonn eigentlech net averstane sinn. Fuerscher hunn dunn rausfonnt, datt déi eege Meenung vun dëse Leit just nach weider verstäerkt goufen. Et ass manner déi technesch Struktur, déi d’Polariséierung dreift, als d’Aart a Weis wéi mir als Mënschen dës Technik notzen. Mir gesi schonn, datt et a Facebook-Gruppen Effekter gëtt, wou Leit léiwer hir eegen Debate feieren, awer insgesamt ass et net esou, datt d’Technik eis elo zu enger polariséierte Gesellschaft dreift.

TM: Dat heescht den Afloss vu Facebook, X (fréier Twitter), Instagram oder TikTok sinn awer méi limitéiert ewéi ugangs geduecht? Geet et dann effektiv méi ëm de politesche Konsenz oder awer éischter d’Presenz vun enger Persoun, dem Politiker?

Dr Jörg Haßler: Fir d'Parteien an d’Politiker ass d'Potential éischter, fir nach eng kéier déi eege Standpunkten ze verbreeden an d’Gesichter vun de Kandidaten ze weisen. Elleng, sougenannten “micro-targeting“ Campagnen, also Campagnen, déi iwwer social media gesponsored ginn, fir ganz spezifesch Gruppen u Leit ze erreechen, wäerte keng Massen u Leit beweege kënnen. Generell ass et déi ganz Campagne, online ewéi offline, an d’Vertriedung an de Masse-Medien déi bei de Walen decisive ass.

An Interviewe mat Parteien hu Chercheure mol gesot kritt: "Et kann een online éischter keng Wal gewannen, mee et kann ee se verléieren." Wat vill gemaach gëtt, am Sënn vun “negativ campaigning“, ass Attacken op déi politesch Géigner produzéieren.

TM: Bréngen déi Attacken de Politiker effektiv eppes?

Dr Jörg Haßler: Éischter wéineg. Et ass éischter d’Hoffnung, datt déi an de journalisteschen Outlets couvréiert ginn. Mee, datt een eng Wal duerch eng negativ Online-Campagne gewënnt, ass éischter onwarscheinlech. Ausser et entsteet effektiv e Skandal.


Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht