
Aus den Zuele vum Enregistrement, déi d'Administratioun eis zoukomme gelooss huet, geet ervir, datt d'lescht Joer zwar nees méi Venten um Plang waren ewéi déi zwee Jore virdrun, mee an den éischte véier Méint vun dësem Joer sinn et der am Verglach mat der selwechter Period d'Joer virdrun nees manner. Kloer ass och, datt déi besser Zuele vu leschtem Joer nach ëmmer net esou gutt sinn ewéi an de Jore virun der Kris, déi Enn 2022 ugefaang hat.
Dat schlechtst Joer war kloer 2023. Mat just 814 VEFA-Akte véier bis fënnef Mol manner ewéi an de Joren 2020 an 2021, wou een iwwer 3.000 louch. D'lescht Joer war eng Reprise mat ronn 1.500 duebel esouvill Akten ewéi am Joer 2023, wat awer och nach ëmmer hallef esouvill war ewéi an de Jore virun der Kris. Vun der klenger Reprise ass dann zanter Enn d'lescht Joer net méi vill ze spieren: goufen et an den éischte véier Méint d'lescht Joer 451 VEFA-Akten, esou ass déi Zuel am 1. Trimester dëst Joer nees op 347 gefall.

Warscheinlech ass d’Baisse dorobber zeréckzeféieren – oder op d’mannst zum Deel - datt d’CSV an d’DP hir steierlech Mesurë fir den Invest an d’Locatioun nom leschte Summer zum Deel net méi weidergefouert hunn. Déi Mesurë waren awer ëmstridden. Net just d’Oppositioun war kritesch, mee och den aktuelle Logementsminister Claude Meisch.
D’CSV-DP Regierung fiert och de staatlechen Opkafprogramm vu VEFAe virun, deen déi viregt Blo-Rout-Gréng Regierung lancéiert hat. A méi klengem Mooss huet och d'Stater Gemeng Wunnengen um Plang kaf. Ouni déi staatlech Interventioun géinge sécher nach méi Chantiere brooch leien. Dem Bilan vum Logementsministère no wieren eng Dosen Akten ënnerschriwwe ginn, mee och e puer Reservatiounen. Klengt net no vill, mee hei spillt d’Zuel un Akte manner eng Roll, well et Akte si fir ganz Projeten an alles an allem bal 500 Wunnengen.
Interessant sinn an deem Kontext d’Annoncë vum Premier Luc Frieden a senger Ried zur Lag vun der Natioun virgëschter: d’Envelopp fir de Kaf vun abordabele Wunnenge gouf ëm 300 Milliounen Euro an d’Luucht gesat. De Finanzministère huet eis op Nofro hin d’Präzisioun ginn, datt dee Montant op véier Joer opgedeelt gëtt. Am entspriechende Spezialfong ware fir d’nächst Joer 375 Millioune Euro virgesinn, mee fir d’Joer drop just nach 310 Milliounen.
De Premier huet och ugekënnegt, datt de Staat an Zukunft wäert eenzel Wunnenge vu Projeten um Plang ofkafen, well ewéi hie sot, dacks Projete géingen hänken, well just 10 bis 30% scho verkaf wieren, wat net duergeet fir d’Finanzéierung an de Lancement vun de Chantieren. Den ëffentleche Bauträger SNHBM huet zwar Bedenken a Froen iwwert d’Ëmsetzung ausgedréckt, mee ëmmerhi reagéiert d’Regierung op déi schlecht Situatioun am Neibau. Op gutt Franséisch: "Mieux vaut tard que jamais."
Well d’Vertrauen am Immobiliesecteur a besonnesch am Neibau nach ëmmer net zeréck ass, huet de Luc Frieden och e bessere Schutz mat der Garantie d’achèvement annoncéiert, ouni awer Detailer ze ginn. D’LSAP an de Jean-Paul Scheuren hate schonn eng Rei Piste presentéiert, dorënner d’Bezuelen an Tranchen a réischt wann Aarbechten tatsächlech erfëllt sinn.
Iwwert alles dat gëtt de Logementsminister Claude Meisch dëse Samschdeg bei eis am Background Erklärungen.