
Virop sollt d'Steiertabell komplett un d'Inflatioun ugepasst ginn an et sollte séier zäitlech-limitéiert Steier-Baissë kommen. D'Staatsbeamtegewerkschaft seet, déi finanziell Belaaschtung wier ze héich an d'Regierung dierft net op d'Steierreform vertréischten, déi jo eréischt 2028 soll spillen. Da sollten déi kleng Spuerer entlaascht ginn, andeems d'Fräibeträg op der Quellesteier ugepasst solle ginn.
Den Energie-Steier-Kredit soll nees agefouert an nogebessert ginn, fir Menagë mat klengem Revenue geziilt ze entlaaschten. An et ginn Ausgläich-Mesurë gefrot, wéinst den aktuell héijen Energiepräisser. D'CGFP hätt och gär, dass an deem Sënn verstäerkt soll kënnen op den Télétravail zeréckgegraff ginn.
Mat grousser Suerg suivéiert een och d'Entwécklungen um Wunnengsmarché, wou d'Situatioun riskéiert, duerch méi héich Zënsen a Käschte beim Bau nach méi schlëmm ze ginn. De maximale Fräibetrag op der super-reduzéierter TVA soll dofir verduebelt ginn, op 100.000€. An d'Altersgrenz vu 40 Joer bei den deductibelen Cotisatioune beim Bausparvertrag sollt ofgeschaaft ginn.
D'CGFP stellt och kloer, dass et mat hir keen Tripartite-Accord ëm all Präis wäert ginn. De Sozialmodell dierft op kee Fall geschwächt ginn.