
Dat huet den CSV-Premierminister Luc Frieden en Dënschdeg a senger Ried zur Lag vun der Natioun annoncéiert. Domat ännert sech awer elo näischt, déi Mesure ass nämlech schonn zanter uganks dës Jores a Kraaft. D'Spideeler wënsche sech iwwerdeems méi Disponibilitéit vun den Hausdokteren.
"Den Zougang zum Gesondheetssystem dierf och net duerch laang Waardezäite limitéiert ginn. Dofir finanzéiere mir eng zousätzlech Garde fir d’Urgencen an eise Spideeler.", esou de Luc Frieden a senger Ried. Op Nofro beim Secteur heescht et, datt dës Mesure schonn zanter Ufank vum Joer en place ass. Déi meescht Urgencë géinge sou wéi sou mat méi wéi 2 Doktere fonctionéieren, esou den Dr Marc Berna, medezineschen Direkter bei den Hôpitaux Robert Schuman.
"Konkreet sinn der hei am Moment fënnef Dokteren, déi sur place sinn. An hei wollt de Staat mengen ech garantéieren, dass eng Mindestzuel vun Dokteren do wier an duerfir dee Changement."
An de 4 Spideeler am Land, déi Urgencë garantéieren, hunn also elo zu all Moment zwee Doktere Garde. Déi éischt Ulafstell soll awer den Hausdokter bleiwen.
"Dat hei ass ee Bausteen, fir d'Versuergung vun den Urgencëpatienten ze verbesseren. Et gi vill anerer. Et ginn nach aner Diskussiounen, déi zwëschen enger FHL, engem Cercle de médecine générale an engem Ministère stattfannen, wou mer iwwerleeën, wéi mer och dohinner kënne kommen, dass d'Hausdokteren och fir déi Urgencëpatienten en nach méi grousse Bäitrag kënne leeschten."
D'Spidolsfederatioun huet och scho konkret Iddien, wéi d'Hausdokteren nach méi kënnen agebonne ginn. Den FHL-Direkter Sylvain Vitali:
"Wéi kann een de Patienten erméiglechen als éischt Ulafstell den Hausdokter ze hunn? Dat heescht d'Plagen, wou se kënne bei den Hausdokter goen, datt déi méi disponibel sinn, also fir kënnen déi Patienten, déi elo net eng Urgence vitale hunn, fir déi kënnen direkt ze traitéieren."
Wann ee muss an d'Urgence goen, misst een als Patient awer och verstoen, dass en Triage misst gemaach ginn."Do ginn d'Patienten, jee no Gravitéit, gi se agedeelt. Et ass jo natierlech, datt e Patient, dee liewensbedroleg, eng liewensbedroleg Erkrankung huet, als éischten traitéiert gëtt, an datt een, dee vläit de Fouss verstaucht huet, wat natierlech de Patient selwer eng Urgence ass, awer am Gesamte vläit net esou grav ass, ass datt deen dann net esou schnell bäikënnt."
An all Spidol hunn elo ëmmer op d'mannst zwee Doktere Gard fir d'Urgencen - eng Mesure, déi zanter Januar a Kraaft ass a vum Premier Luc Frieden a senger Ried zur Lag vun der Natioun ervirgehuewe gouf.