Gedroe virun allem duerch Export vu FinanzservicerD’EU-Kommissioun geet dovun aus, datt d’Lëtzebuerger Wirtschaft sech 2026 an 2027 erhëlt

RTL Lëtzebuerg
Nom schwaache Wuesstem vun 0,6 Prozent am Joer 2025 soll de PIB 2026 ëm 1,6 Prozent an 2027 ëm 2 Prozent klammen.
© EU-Kommissioun

Gedroe gëtt dat virun allem duerch den Export vu Finanzservicer.

Gläichzäiteg bleiwen d’Risiken héich. Déi geopolitesch Tensiounen an déi héich Energiepräisser drécken op d’Vertrauen vun de Konsumenten an op d’Investissementer. D’Inflatioun soll 2026 op 2,7 Prozent klammen, éier se 2027 nees op 1,8 Prozent zeréckgeet.

Och den Aarbechtsmarché bleift méi schwaach wéi gewinnt. De Chômage soll sech bei ronn 6,6 Prozent stabiliséieren.

Bei de Staatsfinanzen erwaart d’Kommissioun weider Defiziter. No engem Minus vun 2 Prozent vum PIB am Joer 2025 soll de Budgetsdefizit 2026 op 1,2 Prozent zeréckgoen, 2027 awer nees op 1,5 Prozent klammen. D’Staatsschold kéint dobäi op iwwer 30 Prozent vum PIB eropgoen.

Back to Top
CIM LOGO