Fir d'Medezin vun der ZukunftPläng fir den neie "Campus HE:AL" zu Esch presentéiert

RTL Lëtzebuerg
Et ass nees de Weekend vun de Portes-Ouverten. 30 Entreprisen uechtert d'Land maache mat a ginn dem Public e Bléck hannert d'Kulissen.
Pläng fir den neie "Campus HE:AL" zu Esch presentéiert
Et ass nees de Weekend vun de Portes-Ouverten. 30 Entreprisen uechtert d’Land maache mat a ginn dem Public e Bléck hannert d’Kulissen.

Dorënner och d’House of Biohealth zu Esch. Si hu vun där Geleeënheet profitéiert an d’Pläng vum “Campus HE:AL” presentéiert, deen direkt niewendru soll entstoen. Medezin vun der Zukunft ass hei Stéchwuert. Firmen, déi an deem Beräich schaffen a fuerschen, sollen sech hei etabléieren. An den nächste Méint wëll een am Ausland aktiv op d’Sich goen no Betriber, erkläert de Romain Poulles, dee fir dëse Projet responsabel ass.

Medezin vun der Zukunft dat heescht méi Präventioun a méi Prezisioun. Traitementer an esouguer Medikamenter ginn individuell op de Patient zougeschnidden. All dës Visioune sollen um Campus Heal entwéckelt ginn.

Elo scho fënnt een hei an der Aktivitéitszon d’House of Biohealth. Eng Plaz, wou zënter 2015 Start-Up-Entreprisen aus dem Gesondheetssecteur doheem sinn. Si hunn op der Porte Ouverte dem Public gewisen, wéi a wourunner si schaffen.

D’Lëscht vun all de Betriber, déi dëse Weekend dobäi sinn, fannt Dir op www.portesouvertes.lu.

PDF: Campus HE:AL

Back to Top
CIM LOGO