Aus der Politik respektiv dem Futtball ass et e Mëttwoch déi traureg Nouvelle, datt de Camille Dimmer am Alter vu 84 Joer gestuerwen ass.

Den CSV-Politiker, deen als Ingenieur bei der ARBED geschafft huet, war fir seng Partei tëscht 1984 an 1994 als Süddeputéierten an der Chamber. Tëscht 1990 an 1995 war hien och CSV-Generalsekretär an iwwer laang Joeren am Diddelenger Gemengerot aktiv.

Als fréiere Futtball-Nationalspiller hat de Camille Dimmer ënnert anerem am Retourmatch vun der Europameeschterschaft zu Rotterdam 1964 beim 2:1-Succès vun de Roude Léiwe géint Holland déi zwee Lëtzebuerger Goler geschoss.

Seng Futtballkarriär huet de Camille Dimmer zu Klierf ugefaangen, wou hien 1939 gebuer gouf. Duerno huet hien zu Anderlecht an zu Molenbeek an der Belsch gespillt, ier hie vun 1966 bis 1971 bei de Red Boys gespillt huet. An 19 Matcher fir d'Nationalekipp huet hien 8 Goler geschoss.

De Camille Dimmer huet sech säi Liewe laang fir Natur an Ëmwelt begeeschtert a war och bei der Fondatioun "Hëllef fir d'Natur" engagéiert.