E Freideg war de Startschoss vun den éischten Aarbechten um Chantier.

Fir d‘éischt ginn d‘Stroosse gebaut. Dann entsti Wunnengen fir am Ganzen 3.400 Leit. Den neie Staddeel profitéiert vun engem speziellen Heiz- a Killsystem. Domat soll de Quartier komplett CO2 fräi ginn.
Op ronn 13 Hektar hunn déi éischt Infrastrukturaarbechte vum neie Wunnquartier mam Numm „Rout Lëns“ ugefaangen a soll 2035 fäerdeg ginn. An deem neie Quartier soll de Mënsch an net den Auto am Vierdergrond stoen, sou den Investisseur Eric Lux.

„D‘Iddi ass net, dass d‘Leit mam Auto heihinner kommen, fir an d‘Geschäft ze goen, d‘Iddi ass, dass déi Leit ronderëm hei kënnen akafe goen fir d‘Basic Goods, déi se brauchen fir iwwer puer Deeg. Dat heescht, mir hunn eng kleng Soubrette, mir kréien eng Pharmacie hei hinner, mir hu Plaz fir Dokteren, Cabinet Médicallen dohinner ze setzen. Mir wäerten och kleng Entreprisen hei ee Lieu ginn villäicht reintegréiert an dat eent oder anert aalt Gebai.“

E Virdeel vum neie Quartier wier den autonomen Heiz- a Killsystem. Hei géing een op Geothermie zréckgräifen. D‘Kombinatioun vun den Technologien wier essentiell fir en CO2-fräie Quartier, sou den Responsabelen fir d‘Energietransitioun, den Tom Eichen vun Encevo.

„Fir éischt Buerungen, déi bis 200 Meter déif ginn, déi Buerungen do gi Réier dra gemaach, wou Waasser zirkuléiert, dat Waasser kritt dann eng gewëssen Temperatur, wann et am Wanter kal ass dobaussen, da kréie mir eng Temperatur aus dem Buedem, déi awer am Beräich vun 10 bis 15 Grad läit, dat gëtt dann erop transportéiert iwwer Waasserréier, déi Waasserréier zirkuléieren duerch de ganze Quartier an op där Basis gëtt da mat sou genannte Waasserpompelen Temperatur produzéiert, fir d‘Gebaier ze hëtzen an de Virdeel vun dëser Technologie ass och dass mir am Wanter wéi gesot hëtze kënnen a waarmt Waasser, Duschwaasser kënne produzéieren, mee gläichzäiteg awer och am Summer kënnen d‘Gebaier killen, andeems mir e bësse méi kaalt Waasser am Beräich vu 5 Grad aus dem Buedem erop huelen an dann domadder d‘Gebaier gekillt kréien.“

D‘Gemeng Esch huet sech hei och engagéiert, andeems se 321 Wunnengen kaf huet, fir abordabele Wunnraum ze schafen, seet den Escher Buergermeeschter Georges Mischo.

Zanter 2 Joer wier ee mat der Dekontaminatioun vun den ale Gebaier vun der Arbed amgaangen, déi spéider an de Wunnquartier integréiert ginn.