
Schonn zënter méi wéi 30 Joer gëtt et de Sticker “Keng Reklamme w.e.g.”, deen een op seng Bréifkëscht peche kann. Dat klengt gielt oder wäisst Pechbild soll de Bréifdréier dorop opmierksam maachen, dass ee keng Reklamme kréie wëll. Anescht erkläert, soll een esou just déi Post an d’Boîte kréien, déi och wierklech un een adresséiert ass.
Dat ass tatsächlech och am Gesetz vum 26. Dezember 2012 iwwert de Service vun der Post festgehalen. Hei gëtt d’Bréifkëscht nämlech als Eegentum vum Awunner ugesinn an dëse kann den Zougang zu sengem Eegentum fir all Sendung ënnerbannen, déi net un den Awunner selwer adresséiert ass, sou d’Erklärung am Artikel 13. Dofir muss dësen awer op seng Entscheedung mam “Keng Reklamme"-Sticker opmierksam maachen.
Dat klappt am allgemengen och zimmlech gutt, wéi de Mouvement écologique schreift. Virun engem Joer gouf en neit Gesetz ausgeschafft, dat den 1. Januar 2024 a Kraaft trëtt. Deemno soll et da komplett verbuede sinn, Reklammen a Papeierform an de Bréifkëschten ze verdeelen, ausser den Empfänger huet formell zougestëmmt. Wéi dat mat der formeller Zoustëmmung gehandhaabt gëtt, ass net kloer definéiert.
Et bleift also ofzewaarden, wéi dat Gesetz an der Praxis ëmgesat gëtt.
Wann een de giel/wäisse Sticker op der Boîte huet, kritt een an der Reegel zwar keng Reklamme méi, gratis Informatiounsblieder wéi zum Beispill de Gemengebuet oder Wal-Prospekter ginn awer weider agehäit. Dat läit dodrun, dass dës als gratis Informatiounsblieder ugesi ginn an net als Reklammen. An dat obwuel am Gemengebuet dacks och Reklamm ass.
Wal-Prospekter wäerten also weiderhin an Ärer Bréifkëscht landen, egal op gielt Pechbild oder net.
Wéi virdru scho geschriwwen, schéngt dat mam “Keng Reklammen"-Sticker allgemeng gutt ze funktionéieren. Et kënnt awer ëmmer rëm vir, dass eng Pub an der Bréifkëscht lant, wéi dat och bei engem vun eise Lieser ëmmer rëm virkënnt. Heibäi handelt sech meeschtens ëm Reklamme vun Immobilienagencen, wéi och de Mouvement écologique confirméiert.

Wann dëst ëmmer rëm virkënnt an ee sech doduerch gestéiert fillt, soll ee fir d’éischt d’Entreprise oder d’Agence selwer dorop opmierksam maachen, dass een hir Reklammen net wëll kréien. Wann dëst net funktionéiert, kann ee souguer mat juristesche Konsequenzen droe respektiv eng Plainte maachen.