Wéi gesinn d'Propositioune vun de verschiddene Parteien aus, fir d'Rechter vu Prisonéier ze schützen?

D'Associatioun "Eran, Eraus... an elo?" huet e Froekatalog un déi siwe Parteie geschéckt, déi bei de leschte Walen an d’Chamber gewielt goufen.

Rechter vu Prisonéier: Wou stinn d'Parteien? / Reportage Fanny Kinsch

Wann een d'Äntwerte vun de Parteie kucke géing, géingen et wuel grouss Ännerunge ginn. D'Associatioun begréisst notamment, datt all d'Parteien dofir sinn, fir e Code du travail fir d'Prisonéier anzeféieren, sou den Tresorier Gregory Fonseca:

"Well mir deen als Haaptpunkt gesi fir de Wee zeréck an d'Gesellschaft. De Statut bréngt mat sech, dass d'Prisonéier en digne Salaire kréie fir déi Aarbecht, déi si leeschten, fir dass si cotiséieren, fir dass si erëm Deel vun eiser Societéit ginn a weisen, dass si et verdéngt hunn, erëm an eis Societéit integréiert ze ginn."

Aktuell géinge Prisonéier 2,79 Euro d'Stonn verdéngen. Positive Feedback krut d'Associatioun, déi sech fir d'Rechter vun de Prisonéier asetzt, och um Punkt vun der Exekutioun vun de Strofen. Do waren déi 7 Parteien averstanen, datt déi Decisioune solle bei engem Riichter an net méi beim Parquet leien.

"Do ass e Conflit d'intérêt, dat heescht déi selwecht Institutioun, déi zoustänneg ass, oder déi wärend dem Prozess eng sévère, eng schaarf Strof freet, ass dono zoustänneg fir déi Exekutioun vun där Strof an do ass ee Conflit intérêt, wou mer denken, dass dee misst aus der Welt geschaaft ginn."

Eran, Eraus.. an elo? fuerdert iwwerdeems, datt all Bierger kann d'Verfassungsgeriicht saiséieren, woumat d'DP an d'CSV awer net averstane sinn. Fir d'Kontroll vun de Strukturen, an deenen d'Leit agespaart ginn, misst dann eng speziell Kommissioun agesat ginn. Hei fannen awer d'DP an déi Gréng, datt et bei der aktueller Iwwerwaachung duerch den Ombudsman soll bleiwen. Déi Gréng sinn dann déi eenzeg Partei, déi net averstane sinn, dass Prisonéiertransporter, ausser a geféierleche Fäll, vun de Giischtercher an net vun der Police solle gemaach ginn.

D'Comparution immédiate, déi d'CSV an d'DP an de leschte Woche gefuerdert hunn, kënnt an de Froen och net vir. Dat wier virun enger Rei Méint, wéi een d'Froen ausgeschafft an Entrevuë mat de Parteien hat, nach iwwerhaapt keen Thema gewiescht. D'Associatioun ass géint dës Prozedur, kritiséiert allerdéngs d'Delaie vun der Untersuchungshaft, sou de Gregory Fonseca.

Extrait Gregory Fonseca

"D'Leit sëtzen zu Lëtzebuerg ze laang an Untersuchungshaft, wat e Riseproblem ass a wat de Steierzueler enorm Sue kascht. A wat och rechtlech gesinn, immens vill Froen opstellt, well dat si Personnes présumées innoncentes, dat sinn onschëlleg Leit. Et ass een esou laang onschëlleg bis e rechtlech etabléiert Geriicht de Géigendeel beweist."

D'Alternativen zu der Untersuchungshaft, déi et scho ginn, missten iwwerdeems méi agesat ginn.