
Nieft der Solarenergie, der Wandenergie, der Biomass an der Äerdwäermt ass d’Waasserkraaft déi fënneft vun den erneierbaren Energien. Zu Lëtzebuerg gëtt et tëscht 30 a 40 Waasserkraaftanlagen, woubäi awer net genee gewosst ass, wéi vill vun dësen nach a Betrib sinn. Aktuell gëtt zu Méischdref un der Sauer eng eeler Anlag moderniséiert.
Wien duerch Méischdref an der Gemeng Bettenduerf fiert, deem fält zanter Méint een zimmlech grousse Chantier an, respektiv nieft der Sauer op.


Dat aalt Waasserwierk war fir d’lescht 2008 op deen neiste Stand bruecht ginn, 15 Joer méi spéit sinn déi technesch an ëmweltspezifesch Ufuerderungen allerdéngs anerer. Datt de Projet iwwerhaapt realiséiert ka ginn, läit zu engem gudden Deel dorun, datt et sech ëm een Ëmbau handelt. Ganz nei Projeten hunn et nämlech duerch d’Konkurrenz vu Wandrieder schwéier, wéi den Olivier Jeitz vum Waasserwirtschaftsamt erkläert.
“Eng nei Anlag bedeit och, datt een neie Barrage am Gewässer muss opgeriicht ginn. Dat ass awer da problematesch, well ee Barrage een negativen ökologeschen Impakt huet. A bei der Planung vun enger neier Anlag verlaangt d’Waasserdirektiv, datt de Projet mat Alternative verglach gëtt, an do huet d’Wandkraaft een däitlech méi klengen ökologeschen Impakt wéi d’Waasserkraaft. An dowéinst ass et prinzipiell schwiereg, fir lo nach komplett nei Waasserkraaft-Projeten ëmzesetzen.”
Géigewand duerch Bierger spillt keng Roll bei Bewäertung
Eng Wandanlag géing méi Energie produzéiere wéi ee grousst Kraaftwierk un der Sauer. Beim Verglach respektiv dem Ofweien tëscht Waasser- a Wandanlagen, spillt et fir d’Waasserwirtschaftsamt iwwerdeems keng Roll, ob ee Projet duerch ee méigleche Protest vun de Awunner méi schwéier ze realiséieren ass, wéi deen aneren. Et géing ee reng ökologesch, respektiv technesch Krittäre consideréieren.
Duerch d’Waasserdirektiv aus dem Joer 2000 hätt de Schutz vun der Waasserqualitéit méi een héije Stellewäert kritt, wat et fir Kraaftwierker net méi liicht gemaach hätt. Och den Déiereschutz spillt keng onwesentlech Roll. Fir eng Partie Aarte géinge Barragen een Obstakel duerstellen.
“Mir hunn zum Beispill eng ganz Rei Fësch, wéi zum Beispill d’Forell oder den Éil an déi aner Richtung, déi Wanderfësch sinn. Et sinn awer och Insektelarven. An déi Organisme kënnen dann net méi wanderen, respektiv d’Wanderung gëtt blockéiert. A beim Erofschwamme kënnt et och mol vir, datt Fësch an d’Turbinne geroden an do déidlech Verletzunge kréien.”
Ma och déi Fësch, déi net stierwen, wiere staark beanträchtegt, well se net bei hir Läichplaze kommen. Dobäi wiere verschidde Liewensberäicher a verschiddene Liewenszyklen wichteg fir d’Reproduktioun.
Wéi rentabel ass Waasserkraaft?
Wat deen technesche Volet vun der Stroumaspeisung bei Waasserkraaftwierker ugeet, leeft dat dem Energieministère no iwwert ee Contrat de rachat, deen de Bedreiwer mam Gestionnaire vum Reseau ofschléisst. De Bedreiwer kritt eng Remuneratioun, dat entweeder baséierend um Aspeisetariff oder baséierend op enger Prime de marché, dat hänkt vun der Gréisst vun der Anlag of.
Et gëtt ee speziellen Aspeisetariff, deen iwwert 15 Joer leeft. No där Zäit kann de Bedreiwer vum Kraaftwierk nach eng Rémunération résiduelle beim Gestionnaire vum Reseau ufroen, déi dann normalerweis nach zéng Joer leeft.
Mat Bléck op d’Rentabilitéit sinn d’Remuneratione fir erneierbar Energien dem Ministère no sou gerechent, datt et ee korrekte Retour um Invest gëtt. De Gewënn wier awer och ee Spigelbild vum Risiko vun der Technologie a vun hirer Maturitéit.
Et geet een dervun aus, datt am Joer 2030 bei engem Waasserkraaftwierk 3.668 Euro pro Kilowatt ufale wäerten. Bei der Wandenergie géif ee Kilowatt just 1.344 Euro a bei der Photovoltaik esouguer nëmmen 817 Euro u Produktiounskäschte verursaachen. Wärend Biogas mat 3.359 Euro pro Kilowatt quasi um Niveau vun der Waasserkraaft läit, läit d’Biomass mat 4.336 Euro ee Krack méi schlecht.