Géint GreenwashingDemonstratioun vu Greenpeace virum Siège vum Pensiounsfong

Maxime Gillen
De Lëtzebuerger Pensiounsfong bedreift Greenwashing, esou de Reproche vu Greenpeace.
© Maxime Gillen

Demonstratioun vu Greenpeace géint Greenwashing / Rep. Maxime Gillen

D’Klimaschutz-Aktivisten hunn e Mëttwoch de Moie mat Plakater de Rez-de-chaussée vum Siège vum Fonds de compensation an der Stad an e Wäschsalon verwandelt. De Fong géif a senger Kommunikatioun verschidde sougenannte gréng Investitiounen ervirhiewen a gläichzäiteg nach vill an net nohalteg Saachen, wéi ënner anerem fossil Energien investéieren. Dat wier eng gängeg Method vum Greenwashing, esou d’Aktivisten.

Si appelléieren un d’Politik, voire déi nächst Regierung, de Pensiounsfong per Gesetz zu Investitiounen ze verflichten, mat deenen de Fong sech un déi international Ziler fir Klimaschutz, Ëmweltschutz a sozial Gerechtegkeet hält.

D'Schreiwes vu Greenpeace

Back to Top
CIM LOGO