Airbnb & CoMéi streng Reegelen, wann een déi eege Wunneng un Touriste verloune wëll

Serge Pauly
Wie seng Wunneng op “Sharing-Economy-Plattforme” wéi beispillsweis Airbnb ubitt, muss zënter dem 1. September nei gesetzlech Reegele respektéieren.
Méi streng Reegelen, wann een déi eege Wunneng un Touriste verloune wëll
Wie seng Wunneng op “Sharing-Economy-Plattforme” wéi beispillsweis Airbnb ubitt, muss zënter dem 1. September nei gesetzlech Reegele respektéieren.

D’lescht Joer goufen op Airbnb an anere Sharing-Economy-Plattformen am ganzen 33.000 Sejouren, respektiv 309.000 Iwwernuechtungen zu Lëtzebuerg gebucht (Source: LfT/Eurostat). Scho méi laang steet dee Marché awer an der Kritik. D’Hotelsbranche beschwéiert sech iwwert eng “deloyal Konkurrenz”, an och de Wunnengsmarché riskéiert duerch esou touristesch Aktivitéiten zousätzlech ënnert Drock ze geroden.

Am Kader vun enger Reform vum Gesetz iwwert den “droit d’établissement” gouf dee Marché zu Lëtzebuerg elo reguléiert. Wéi de Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) erkläert, sollen esou Plattformen hei am Land net komplett verbuede ginn, mee déi quasi-professionell Locatioun vu Vakanzewunnengen ënnerläit neierdéngs a ville Beräicher dee selwechte Reegele wéi d’Hotellerie.

Zënter dem 1. September gëtt d’Grenz tëschent “sharing economy” a “kommerzieller Aktivitéit” bei 90 Deeg am lafende Joer gezunn. Wien drënner bleift, fir deen ännert sech näischt. Wien awer iwwert dës Grenz erausgeet, muss beispillsweis Coure fir professionell “Hébergeuren” absolvéieren. Donieft musse grouss Gebaier gewësse Standarde, zum Beispill wat d’Noutausgäng betrëfft, erfëllen. D’Gäscht mussen dann en Hébergements-Schäin ausfëllen.

Déi nei Reegele bedeiten awer och, dass d’Locatioun vu Vakanzewunnengen, déi an enger Zone d’Habitation 1, oder an enger Residenz wou Hebergementsaktivitéite per Reglement verbuede sinn, och op 89 Deeg limitéiert ass.

Fir d’Horesca geet dës Reform an déi richteg Richtung. D’Konkurrenz tëschent de klasseschen Hoteller an den Airbnb-Appartementer wär elo e gutt Stéck méi fair. Den Affekot an Immobiliërechtsexpert Lex Thielen huet awer seng Zweiwel, dass dat reforméiert Gesetz den Hoteliere wierklech hëlleft. Déi grouss Ubidder, déi direkt e puer Appartementer op Airbnb & Co ubidden, hätten nämlech duerchaus déi personell a finanziell Ressourcen, fir hir Aktivitéiten un dat neit Gesetz unzepassen. Nëmme Leit, déi een oder zwee Zëmmer an hirer Wunneng ubidde géifen, fir besser iwwert d’Ronnen ze kommen, géifen elo op deem Marché eliminéiert ginn, ass den Affekot iwwerzeegt.

D’Horesca seet, dass een aktuell nach keng Effekter vum reforméierte Gesetz feststelle kann, well d’Ubidder nach bis Ufank 2024 Zäit hunn, fir sech un déi nei Reegelen unzepassen.

Back to Top
CIM LOGO