No 10 Joer Oppositioun huet d'CSV d'Zigel elo an der Hand, fir eng nei Regierung ze bilden.

Dofir war de Retour vum Luc Frieden néideg, éiwegen Dauphin vum Jean-Claude Juncker. De fréiere Justiz- a Finanzminister wollt jo 2014 léiwer zréck an d’Privatwirtschaft, wéi op d’Oppositiounsbänk. Ugangs des Joers mécht hien e relativ onerwaarte Comeback. D’Parteispëtzt hat hie gefrot, fir nationale Spëtzekandidat ze ginn. No Bedenkzäit a Récksprooch mat der Famill, acceptéiert de Luc Frieden. Hie gëtt seng Posten am Privatsecteur op, fir sech voll a ganz senger Roll als nationale Spëtzekandidat ze widmen.

Et ass de Retour vun engem ale Bekannten, frësch zerwéiert. Dee gëtt sech entspaant, ouni Krawatt, beräichert un Erfarung aus der Privatwirtschaft, awer no bei Grouss a Kleng.

Erneierung gesäit anescht aus, esou d’Kritik vun der Konkurrenz an de Medien. Erneierung an Erfarung ass e gudde Mix, fënnt den neie Spëtzekandidat. D’Rezept schéngt ze wierken. Et geléngt him d’Partei hannert sech ze versammelen an hir nees eng Identitéit ze ginn.

"Zäit fir eng nei Politik", mat deem Slogan zitt d’CSV an d’Walen

Manner Steiere fir jiddereen, eng Primm fir Elteren déi hir kleng Kanner doheem versuergen, e reduzéierten TVA-Taux fir déi, déi nees an de Logement investéieren… De Programm eckt un bei der politescher Konkurrenz, virop bei de Majoritéitsparteien. Ma de Wieler gesäit dat anescht. D’CSV bleift stabil.

De Luc Frieden kritt um Méindeg offiziell den Optrag vum Grand-Duc, fir eng nei Regierung ze bilden. Begeeschtert knipsen d’Touristen de Formateur. Een, op deen d’Kamerae virum Palais waarden, muss en Dichtege sinn!

Seng Visioun, wéi d’Land a 5 Joer soll ausgesinn, huet den CSV-Leader ewell an der RTL Emissioun "den nächste Premier" presentéiert: "E modernt a séchert Lëtzebuerg, wat wirtschaftlech attraktiv ass, sozial gerecht an ekologesch responsabel!"