CSV an DP wëlle Koalitiounsgespréicher mateneen ophuelen
E Méindeg den Owend sinn de Comité-directeur vun der DP an den Nationalkommitee vun der CSV fir Gespréicher zesummekomm.
Um Uschloss huet den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden d'Press doriwwer informéiert, dass den Nationalkommitee vu senger Partei no der Analys vum Walresultat eestëmmeg decidéiert hätt, seng Propos unzehuelen, fir als éischt Verhandlunge mat der DP ze féieren.
Dëst aus zwee Grënn: Éischtens hätt een am Fall vun erfollegräiche Verhandlungen eng ganz staark Majoritéit vu 35 sëtz an der Chamber. Zweetens wier een no enger éischter Analys der Meenung, dass eng Koalitioun mat der Liberalen zu enger programmatescher Koherenz féiere géif. Et géif een och keng parallel Verhandlunge mat enger anerer Partei féieren. Dowéinst géif een der DP matdeelen, dass ee Koalitiounsverhandlunge féiere wéilt. Dës Decisioun misst elo nach vum nationale Rot vun der CSV confirméiert ginn. Dëse géif en Dënschdeg de Mëtteg beieneen kommen.
De Luc Frieden virun der RTL-Kamera:
Den aktuelle Premierminister Xavier Bettel krut sengersäits vum Comité-directeur vun der DP unanime d'Mandat, fir d'Koalitiounsgespréicher mat der CSV ze féieren. Et wier een deemno als DP bereet, an enger nächster Regierung, ënnert engem Premierminister Luc Frieden, Verantwortung z'iwwerhuelen.