Autorisatioun vu privatem Heliport zu Ischpelt revoquéiert

De Bau vum geplangten, vill diskutéierten a kritiséierte privaten Heliport nieft engem 4-Stären-Hotel zu Ischpelt läit bis op Weideres op Äis.
Ugangs September ewell huet den neie Clierfer Buergermeeschter Georges Keipes d'Baugeneemegung fir dës Helikopter-Landeplaz nämlech revoquéiert. Säi Virgänger Emile Eicher hat zejoert de Feu-Vert fir dës Autorisatioun nach ginn. D'Inneministesch Taina Bofferding confirméiert, datt d'Clierfer Gemeng d'Autorisatioun zeréck gezunn huet a verweist op d'kommunal Autonomie, wat d'PAGen ugeet a wéi dës Texter interpretéiert ginn.
De Proprietär vum Ischpelter Schlass wollt u sech fir seng Clienten eng Landeplaz fir Helikoptere bauen, mee dëst hat souwuel zu sëllege Kriticke vun den Awunner, mee och vun der Direktioun vun der ziviller Aviatioun, wat d'Exploitatioun vum geplangten Heliport ugeet.
Bis ewell gëtt et just fënnef Landeplaze fir Helikopteren am Land - alleguer bei Spideeler. Géint d'Iddi vun enger Heliport an hirem Duerf hate sech d'Awunner vun Ischpelt gewiert a souguer eng Biergerinitiativ gegrënnt.
Et waren déi net zeréckgewielt gréng Deputéiert Stéphanie Empain a Jessie Thill, déi Informatiounen iwwert de Projet vum Ischpelter Heliport bei der Inneministesch iwwert eng parlamentaresch Fro wollte gewuer ginn.