Firwat souze 4 Polizisten an Untersuchungshaft?
Iwwert de ganze Summer ware véier Polizisten an Untersuchungshaft. Dës Decisioun wier awer net begrënnt, fannen op d'mannst 2 vun den Affekoten.
Den 20. Mee hu Poliziste vun engem Stater Kommissariat e Mann festgeholl, deen alkoholiséiert war. Hie gouf op der Gare an d'Ausniichterungszell bruecht an hei soll et zum Virfall vu Policegewalt komm sinn. Wat genee do geschitt ass, gëtt ee vum Parquet net gewuer an och de Maître Jean-Marie Bauler an de Maître Fränk Rollinger, déi allebéid ee vun de Poliziste vertrieden, wollte virun der Kamera net méi an den Detail goen.
Wéi ëmmer gëllt d'Onscholdsvermuddung, dat och an dësem Fall vun de véier Polizisten.
De Virworf ass Policegewalt an de Versuch, dës ze verstoppen. Opgeflu wier dat Ganzt réischt méi spéit. Uganks Juli koum d'Decisioun vum Untersuchungsriichter: Dräi Poliziste kommen an Untersuchungshaft. Kuerz drop gëtt nach e véierte Polizist festgeholl a kënnt och op Suessem. Hei si si fir d'éischt an Isolatioun, duerno kommen déi Véier zesummen an engem isoléierten Trakt um Uerschterhaff ënner.
D'Entscheedung, d'Polizisten an Untersuchungshaft ze setzen, kann den Affekot Fränk Rollinger uganks nach verstoen:
"Dat ass einfach als Sécherheet, fir dass d'Enquête ka richteg gemaach ginn a keng Preuve verschwanne kënnen. Dat war jo d'Begrënnung vun der Untersuchungshaft. Ma no eng oder zwou Woche war dat geschitt. Duerno gouf et fir d'Untersuchungshaft kee Grond méi."
Och de Maître Bauler gesäit kee Grond fir d'Untersuchungshaft:
"Et ass kloer am Gesetz festgehalen, ënnert wéi enge Konditiounen een Untersuchungshaft veruerdne kann. An déi sinn hei sécher net ginn. D'Gefor fortzelafen, besteet net an och dat mam Blanchiment vun de Preuven ... Si souzen zu véier méi wéi zwee Méint all Dag zesummen. Dat muss ee mir Mol erklären."
Béid Affekote ginn dovun aus, dass an dëser Affär een en Zeeche wollt setzen an dass et ebe grad hir Mandante getraff hätt.
"Et kann ee just eemol de Mount eng Demande maachen. Déi éischte Kéier gouf se an éischter an zweeter Instanz refuséiert. Duerno krute mir an éischter Instanz Recht an an zweeter Instanz gouf d'Entscheedung zeréckgeholl. Ech si frou, dass mäi Mandant elo endlech eraus ass", esou de Fränk Rollinger. An et géif ee sech elo och wënschen, dass dëse mat Rou gelooss gëtt.
Och den Affekot Jean-Marie Bauler fënnt, et misst ee méi neutral domat ëmgoen. "Wou si an Untersuchungshaft komm sinn, war andauernd eppes iwwert si an de Medien ze liesen. Elo wou si erauskomm sinn, ass et zimmlech ënnergaangen."
Wat d'Virwërf géint säi Client ugeet, sou hätt dësen aacht Joer um Garer Kommissariat geschafft an hätt bei de Virgesetzten och eng gutt Reputatioun gehat.
Neiegkeeten am Dossier géifen et den Ament keng ginn. Mir hu beim Parquet eng Reaktioun gefrot. D'Äntwert:
"Am Kontext vun der Affär an déi véier Polizisten involvéiert sinn, ass de Moment nach d’Instruktiouns-Phase matzen amgaangen. Dat bréngt mat sech, dass nach zu all Moment nei Elementer an den Dossier afléisse kënnen. Aus där Optik – a wéinst dem Untersuchungsgeheimnis - wäert de Parquet zu dësem Ablack keng Äusserungen an der Ëffentlechkeet maachen."