D'Alexandra Schoos vun der adr am Portrait
Am Kader vun eiser Serie iwwer d‘Deputéiert, déi fir d‘éischt an der Chamber sinn, stelle mir Iech d'Alexandra Schoos vir.
D’Alexandra Schoos huet fir den 8. Oktober fir d'adr de Sëtz am Osten zeréck geholl, deen d’Partei fir d’lescht bis 2009 hat. Mee net nëmmen: D’Duechter vum fréiere President Jean Schoos ass déi éischt Fra, déi fir d’adr an d’Chamber kënnt.
Si ass zu Bäerdref grouss ginn an hei wëll si och bleiwen. Ma den Osten a virun allem de Mëllerdall ass fir d’Alexandra Schoos net nëmmen hir Heemecht, mee d’Regioun soll och eng zentral Roll an hirer Politik spillen. Dat widderhëlt si am Interview e puer Mol. Als Veterinärmedezinner sinn hir d’Déieren an d’Natur besonnesch wichteg. Grouss Erausfuerderunge wéi zum Beispill de Logement dierften net op Käschte vun der Ëmwelt goen, seet si. Dat wier e groussen Challenge fir d’Zukunft an net nëmme fir dës Legislaturperiod.
Nëmme meckeren an näischt ënnerhuelen, dat géing net bei si passen. De Schrëtt an d’Politik wier och net onbedéngt wéinst hirem Papp a fréieren adr-President Jean Schoos gewiescht. Doheem wier net vill iwwer Politik geschwat ginn, wéi si kleng war, seet d’Alexandra Schoos. Ma si wéilt haaptsächlech gäre matschwätzen a selwer aktiv ginn, fir hir Iddien ëmzesetzen.
De Choix vun der Partei war dunn awer ganz kloer. An der adr fënnt si sech erëm, sot si, virun allem wat d’Wäerter vum Land wéi d’Lëtzebuerger Sprooch ugeet. Och méi sozial, esou wéi och konservativ Aspekter, wieren hir wichteg. Fir si ass d’adr breet opgestallt, esou dass d’Entscheedung vun der Partei eng ganz aktiv gewiescht wier.
Fir hir politesch Karriär huet d’Alexandra Schoos elo hir Aarbecht am Veterinärslabo zu Diddeleng missen opginn, wat hir net einfach gefall ass. Dass den Aarbechtswee elo net méi sou laang ass, dorop géing si sech awer freeën. An d’Stad wéilt si elo och gär mam Bus fueren, seet si. Dat war vu Bäerdref op Diddeleng net méiglech.
Zanter dem leschte Joer ass d’Alexandra Schoos och Vizepresidentin vun der adr. “Ech si ganz gutt do wou ech sinn”, seet si op d’Fro no hiren Ambitiounen. D’Gemengepolitik géing si och interesséieren. Dat wier awer éischter eppes fir d’Zukunft. Elo wëll si sech mol op d’Aarbecht an der Chamber konzentréieren. D’Gefill, dass si sech an der Partei elo misst beweisen, hätt si net. Eppes beweisen, dat misst si just sech selwer.