Am Kader vun eiser Serie iwwer d‘Deputéiert, déi fir d‘éischt an der Chamber sinn, stelle mir Iech den Tom Weidig vir.

Säi politescht Engagement huet den Tom Weidig 2015 wärend der Campagne fir de Referendum entdeckt, wéi hie sech fir den „Nee“ zum Auslännerwalrecht staark gemaach huet. Dëst Joer ass den adr-Politiker net just an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, mee och an d’Chamber gewielt ginn.

De Büro ass fir den Tom Weidig déi wichtegst Plaz am Haus. Hei géing hien och déi meeschten Zäit verbréngen, zum Beispill fir u sengem Blog iwwer Sproochproblemer ze schaffen oder Bicher ze schreiwen. Schreiwe wier senges, do kéint hie sech ganz ouni Handicap am beschten ausdrécken, sot hien am RTL-Interview. Och op de sozialen Netzwierker ass den neien adr-Deputéierte ganz aktiv, seng Facebook-Presenz ass ëmmer um leschte Stand. Fir hien ass d’Plattform awer éischter fir “geschriwwe Gespréicher” ze féieren. An diskutéieren, dat géing hien extrem gäre maachen. Mee séier tippen a posten wier awer eppes, wat hie sech elo als adr-Deputéierte méi genee wéilt iwwerleeën. Hie wier sech bewosst, dass hien elo eng ganz Partei vertrëtt.

En Ausgläich vun der Politik an de villen Diskussioune fënnt den Tom Weidig an der Meditatioun an am Schach. Zanter 35 Joer spillt hien am Escher Schachclub, do wier hie ganz traditionell, och wann hien antëscht an der Stad wunnt, sot hien. Am Verglach zu der Politik wier Schach komplett fair, mat klore Reegelen. Do kéint et och emol sinn, dass Leit gewielt sinn, déi méi present sinn, och wann aner Leit am Hannergrond d’Partei opgebaut hunn, esou den Tom Weidig. Dass d’Politik méi chaotesch ass wéi Schach, géing hien dacks nerven. Ma hien hätt awer decidéiert “als Wëssenschaftler an déi reell Welt wëllen ze goen”.

Dee Schratt huet sech fir den adr-Politiker ausbezuelt. Am Superwaljoer gouf den Tom Weidig direkt op kommunalem an op nationalem Niveau gewielt. Eng grouss Verännerung zu senger fréierer Bürosaarbecht beim Commissariat aux Assurances, sot hien RTL géintiwwer virun der Vereedegung an der Chamber. Hie misst sech nach dru gewinnen, dass hien am Plenarsall exposéiert wier. Mat senger Sëtzplaz wier hien awer ganz zefridden, well hie léiwer an der zweeter Rei sëtzt an nodenkt, wéi an der éischter.

An der Chamber wéilt hien all d’Wieler vertrieden, huet den Tom Weidig am Interview betount. Hie wier ëmmer oppe fir ze diskutéieren an et kéint een hien ëmmer uschwätzen. Ma virop wëll hien déi Themen, déi den adr-Wieler um Häerze leien, ëmsetzen. Also beispillsweis Sécherheet, de Wuesstem an natierlech d’Lëtzebuerger Sprooch.