Schutz viru Gewalt – an domadder och viru Mobbing - ass e Kannerrecht

© Monica Camposeo
Um Weltkannerdag soll speziell op d'Besoine vun der jonker Generatioun, esou wéi och op d'Kannerrechter opmierksam gemaach ginn.
Dozou zielen zum Beispill d'Recht op Gesondheet, op Bildung oder och nach d'Recht op Privatsphär. Mee wat fannen déi Jonk hei zu Lëtzebuerg besonnesch wichteg, wann et ëm hir Rechter geet? Wat impaktéiert si am meeschten? Mir hunn am Kader vum Mediendag am Lycée Robert Schuman eng 3ème-Klass vun der Mediesektioun no hirer Vue gefrot. Entstaanen ass e Reportage, deen d'Schülerinnen an d'Schüler selwer ausgeschafft hunn.
De Schutz viru Gewalt, psychesch wéi och physesch, ass ee vun de Kannerrechter. An dee spillt och an de Schoulen eng grouss Roll.
"Mir kréien ëmmer erëm Situatiounen oder Fäll gemellt, wou d'Kannerrechter net agehale ginn. An effektiv ass dat fir eise Lycée géing ech soe virun allem de Problem vum Mobbing", seet d'Sara Bartolini, Assistante sociale vum Sepas am Lycée Robert Schuman. D'Schüler fannen, dass an hirer Schoul tendenziell gutt mam Thema ëmgaange gëtt. Ma et wier och un deene Jonke selwer, sech méi anzesetzen.
Well och wa vill Schüler de Problem net ëmmer direkt matkréien, wier en awer dacks present, wéi net just de Sepas seet, mee och eng Schülerin op der Première: "Ech kann awer soen, dass Mobbing a ville verschiddene Weeër kënnt. Et kann diskret oder ondiskret sinn. Et gëtt vill hannert dem Réck vun de Leit geschwat. Mee am Verglach mam Lycée, wou ech virdrunner war, ass et hei wierklech vill besser."
Fir dogéint virzegoen, wier et virun allem wichteg, dass d'Schüler et net fir sech behalen, wa si perséinlech betraff sinn, esou d'Sara Bartolini. Mee si sollten och net roueg bleiwen, wa si Zeie vu Mobbing ginn.
Agräife wann ee jonk ass, wier besonnesch wichteg, well soss Onsécherheeten als Erwuessene kënnen entstoen, seet de Lukas Klodt, Chef vum zoustännegen edukativen a psychosoziale Service. An engem Projet géinge Mediateure souzesoen ausgebilt ginn, fir dass Jonker hire Klassekomeroden zur Säit stoe kënnen oder an de Klassen zum Thema Mobbing opkläre kënnen. Dowéinst ass et wichteg, d'Aen opzehalen. "Traut iech also esou e Fall ze mellen, wann iech eppes opfält", esou d’3ème-Schülerinne vun der Mediesektioun am Lycée Robert Schuman.