De Marcel Schlechter ass dout

D'Politik trauert ëm de Marcel Schlechter. De fréieren LSAP-Minister ass um Freideg am Alter vu 95 Joer verscheet.
Ewell Mëtt de 50er Joren ass de gebiertege Stater der LSAP bäigetrueden a gouf 1963 an den Iechternacher Gemengerot gewielt, wou hie bis 1969 Schäffe war.
1967 ass de Marcel Schlechter an d'Chamber nogeréckelt, nodeem de Victor Bodson an d'Europäesch Kommissioun koum. 1968 ass hien net erëmgewielt ginn, mä dofir 1974, a vun do un ëmmer nees bis 1989.
An der Santer-Poos-Regierung war de Marcel Schlechter matten an der Period vun de Bommeleeër-Attentater tëscht 1984 an1989 Minister fir Transport, Travaux Publics an Energie.

An dëse Joren huet de Politiker ënner anerem d'Tréierer Autobunn fäerdeg gebaut, de Bau vun der A13 lancéiert an d'Jumbo-Kaart agefouert. 1990 huet de Sozialist säi Chambermandat géint eent am Europäesche Parlament getosch, wou hien de Sëtz vum Robert Krieps iwwerholl huet an do bis 1999 siegéiert huet.
De Marcel Schlechter war net nëmmen Vollblutt-Politiker, mä huet sech nieft sengen Aarbechtsplazen op der Schëfflenger Schmelz, als Gäertner an CFL-Bus-Chauffer och gewerkschaftlech engagéiert. Hie war Member vum LAV, duerno vum Landesverband, a war President vun der Gewerkschaft vun de Beruffschaufferen ACAL.
Och op sportlechem Niveau war de Marcel Schlechter aktiv, ugangs de 50er Jore gouf hien zweemol Champion am Boxen, dat an zwou verschiddene Gewiichtsklassen.
De Marcel Schlechter hannerléisst zwee Kanner.

De Marcel Schlechter mam Robert Krieps an dem Benny Berg
Hie bleift an Erënnerung als ee joviale feinen Mënsch, als ee Politiker, deen definitiv no bei de Leit war an och hir Sprooch geschwat huet. Hie war eben de Schlechtesch Mars, mat all sengen Naupen, Facetten an och sengem Humor. Hie war sech och ni ze schued, sech selwer op d'Schëpp ze huelen.