Zanter e Freidegmoie läit RTL de Koalitiounsaccord tëscht CSV an DP vir. Steierlech Entlaaschtunge si virgesinn, d'Finanzplaz dierft enttäuscht ginn.

D'Michèle Sinner iwwer de Volet Finanzen a Steieren am Mëttesjournal

Nodeems de Luc Frieden en Donneschdeg éischt Eckpunkten aus dem Koalitiounsaccord virgestallt huet, ass déi grouss Fro, wat dann am Detail am Accord dra steet. Den Text läit eis zanter e Freidegmoie vir. Eng Partie Punkten erausgepickt.
Ugefaange mam Kapitel Staatsfinanzen a Fiskalitéit. Wéi gesäit et am Portmonnie aus, dat ass jo ëmmer déi Fro, vun där all anerer ofhänken.

Do ass elo d’Scholdebrems vun 30 Prozent ofgeschaaft. Amplaz steet do, et wéilt een den AAA halen. Dat kléngt mol sympathesch, wéi wann dat e manner strikte Kader wär wéi bis ewell, wat de Spillraum am Budget ugeet.
Mä dat kann een och anescht interpretéieren, nämlech datt een d’Verantwortung a Richtung Ratingsagencen ofgëtt. Wann déi en negativen Ausbléck ginn, mussen dann d’Ausgabe gekierzt ginn, well mer soss riskéieren, deen AAA ze verléieren? Dat gesi mer dann, wann Moodys a Co de nächste Budget liesen.

Mat Bléck op d'Steieren ass et d'Ukënnegung, datt et op den 1. Januar 2024 eng Kompensatioun vu véier Indextranche wäert ginn. D’Regierung géif sech dann engagéieren, fir déi kleng a mëttel Revenuen ze entlaaschten, mä wéi eng dat sinn, dat ass genee esou onkloer wéi virun de Walen. An da soll et en Abattement fiscal fir jonk Leit ginn. Mä et geet doriwwer eraus net riets vun allgemenge Steierbaissen. A soss gi Mesurë versprach, déi éischter deenen zegutt kommen, déi Geld ze vill hunn, wéi ze mann.

Zum Beispill, datt den Taux marginal net eropgesat gëtt. Also keng Steiererhéijung fir héich Revenuen. Et wäert och keen Impôt sur la fortune fir Privatleit kommen a keng Ierfschaftssteier an direkter Linn. Datt et méi einfach soll ginn, Spezial-Depensen ofzesetzen a méi gënschteg, Zousazpensiounen ofzesetzen. Wéi d’Avantages en nature ofgesat ginn, déi Salariée kréien. Da soll sou eng Zort Loi Rau kommen, fir a jonk Entreprisen ze investéieren, och dat kann ee jo just, wann ee Suen iwwreg huet. An da soll de Regimm fir Impatriéen, also Leit, déi hei schaffe kommen, verbessert ginn an encouragéiert ginn, datt Mataarbechter Aktie vun hirem Patron hunn, fréier huet een dat Stock options genannt.
Dann affirméieren si awer och kloer, datt d'CO2-Steier genee esou bäibehale gëtt, wéi se elo virgesinn ass.

Bei deene Mesuren, mat deenen d’Bau- a Logementskris soll geléist ginn, sinn d'Mesuren iwwerdeems méi vague. Do steet, datt fir d’Steierjoer 2024 den Taux d’Amortissement acceléré fir Investissementer soll eropgesat ginn, awer net ëm wéi vill. Datt de Saz, mat deem d’Plus-Valuen op Ventë besteiert ginn, erofgeet, awer och net ëm wéi vill. Datt de bëllegen Akt an d’Intérêts débiteuren, déi ee kann ofsetzen sollen erop goen, gouf jo en Donneschdeg scho gesot. Mä och hei gëtt net gesot, ëm wéi vill. Nei ass, datt e bëllegen Akt och soll kommen, wann een a Locatiounswunnengen investéiert. D’Zuel vun de Wunnengen, op déi een all déi fiskal Faveuren do kann applizéieren, soll zwar begrenzt ginn, steet do. Mä och net op wéi vill.

Den Indexsystem gëtt a senger aktueller Form bäibehalen, steet da weider am Koalitiounsakkord ze liesen. Am Fall wou "e puer" Indextranchen bannent engem Joer erfale géingen, géing eng Tripartite aberuff ginn. Do soll da mat de Sozialpartner Mesuren décidéiert ginn, déi souwuel géint de Verloscht u Kafkraaft wierken ewéi och d’Competitivitéit vun de Betriber erhale sollen.

D’Politik vun deene lëschte Joren gëtt net ëmgekéiert. Dat gesäit ee beispillsweis bei der CO2-Steier an da sollen och d’Aarbechte fir d’Grondsteier ze reforméieren, fir eng national Tax op eidele Wunnengen a fir d’Mobilisatioun vun Terrainen anzeféieren, déi solle virugefouert ginn, an déi Mobilisatiounstax soll méi héich ginn, wéi bis elo geplangt.

Op der Finanzplaz dierften iwwerdeems e puer Leit enttäuscht ginn. Well ausser dem generelle Verspriechen, fir d’Kierperschaftssteier mëttelfristeg un d’Moyenne vun den OECD-Länner unzepassen, näischt Konkretes dra steet. D’Regierung wëllt zwar analyséieren, ob et eng Méiglechkeet gëtt, fir d’Taxe d’abonnement fir aktiv geréiert a kotéiert Fongen erofzesetzen. Soss léisst sech dat resuméieren mat "mir encouragéieren d’Diversificatioun an Durabailitéit."