209 Säiten ass en déck. Zanter e Freideg de Moie läit der RTL-Redaktioun de Koalitiounsaccord vun der neier CSV-DP-Regierung vir.

Dëse steet ënnert dem Slogan "Lëtzebuerg fir d'Zukunft stäerken".

Den Accord huet domat liicht manner Säiten wéi dee leschten, deen 2018 ënnert d'Schlagwierder "ambitiéis, gerecht a nohalteg" gesat gi war.

A 24 Kapitelen an 11 Ënner-Kapitelen deklinéieren d'Auteure vum Koalitiounsaccord, un deem 5 Woche laang geschriwwe gi war, wéi d'Land soll fit gemaach ginn, fir d'Erausfuerderunge vun den nächsten Joren ze meeschteren.

De Koalitiounsaccord gëtt sech a groussen Deeler vaste a léisst ganz vill Spillraum fir Interpretatiounen an Duerstellungen. Sou gëtt e moderniséierte legale Kader fir d'Gemenge versprach, eng Reform vum Fonctionnement vum Staatsrot, d'Aféiere vum elektronesche Portefeuillen, eng landeswäit 5G-Couverture, d'Adaptatioun vum Congé Politique an esouguer d'Organisatioun vum Eurovision-Museksconcours huet d'Entrée an den Accord fonnt.

Den Accord läit RTL a senger Integralitéit vir a kann online a Rou consultéiert ginn. Op d'Schwéierpunkte Fiskalitéit a Staatsfinanzen komme mer an eisem Mëttesjournal ze schwätzen.