Wat stécht an de Kapitele Gemengen, Ëmwelt a Kooperatioun?

Am Kapitel iwwert d'Gemenge stiechen d'Wierder "Reform" a "Moderniséierung" ervir, déi fir den neie Minister Léo Gloden sollen de Kompass ginn.
Sou solle Gemengen, déi matenee fusionéiere méi Sue vum Staat kréien, fir dee Prozess ze facilitéieren. Eng ugestrieften Zuel vu Gemengen gëtt awer net genannt.
Da soll e legale Kader fir de Vollzäit-Buergermeeschterposte geschaf gi mat engem Congé politique vu 40 Stonnen an de Gemengen iwwer 6.000 Awunner - Dës Etapp soll dann zu enger Decisioun féieren iwwer d'Duebel-Mandater. Och de Statut vum "élu local" soll enfin Realitéit ginn.
Da wëll d'Regierung 6 Joer no der Reform vun de Gemengefinanzen, dës nees op de Leescht huelen an de Gemenge méi e grousse finanzielle Spillraum zougestoen.
D'Recetten aus der Grondsteier sollen iwwerdeems Gemenge-Recettë bleiwen a reegelméisseg Finanz-Auditte ginn an de Gemengen ugestrieft, woubäi dann dës Resultater och solle public gemaach ginn.
Da soll d'Walgesetz reforméiert an de Seuil, fir eng Proporzgemeng ze ginn, vun 3.000 op 6.000 Awunner eropgesat ginn
Och den elektronesche Vott soll an de Walkabinne fir d'Gemengewale méiglech ginn.
D'Zuel vu Plazen, wou en ziville Mariage gefeiert gëtt, soll iwwerdeem bannent de Gemenge méi grouss ginn - da solle 4 nei interkonfessionnel Kierfechter iwwer Land geschaf ginn.
D'Mesurë géint d'Klimakris maachen eng 20 Säite vum Koalitiounsaccord aus: Rieds geet vu massiven Investissementer fir d'erneierbar Energien ze promouvéieren, engem neie Klima-Biergerfong, dem Prefinanzement vu Klima-Subventiounen, de Finanzement an Offshore-Wandparken an der staatlecher Installatioun vu Solar-Anlagen op Diecher vu Privathaiser oder och versigelte Fläche wéi gréissere Parkingen.
Ugeduecht ginn och zwee nei Kadasteren: Ee fir de Gebrauch vun der Hëtzt an een iwwert d'Wandparken.
Bis 2030 sollen iwwerdeem all staatlech Verwaltungen an och den ëffentlechen Transport klimaneutral ginn - Dat Joer ass zanter 2 Joer schonn nees eng nei Regierung gewielt.
Da wëll sech den neien Ëmweltminister Serge Wilmes och fir d'Zoumaache vun den Atomzentrale vu Kettenuewen, Doel an Tihange asetzen - Dëst sinn dem Accord no Risiko-Atomzentralen.
Am Naturschutz-Gesetz soll iwwerdeem de "Recours en réformation" nees agefouert an de System vun de Kompensatiounen an den Öko-Punkte soll an der Déift analyséiert an eventuell reforméiert ginn. Och de Waasserpräis gëtt analyséiert a wa méiglech harmoniséiert, heescht et.
Nei geschaf gi solle weider regional Bauschuttdeponien, mee och eng Verbrennungsanlag fir Klärschlamm.
Interessant dann och, datt d'Fëscherei-Legislatioun soll reforméiert an d'Jeeër als gläichwäerteg Partner bezeechent ginn, wat d'Gerance vum Wëldbestand ugeet: Sou gëtt analyséiert, ob d'Juegd och nuets méiglech gëtt, respektiv op d'Juegdzäite verlängert ginn.
Wat d'Ziler vum neie Kooperatiounsminister Xavier Bettel ugeet, sou soll un den Depensen an Héicht vun 1% vum nationale Brutto-Revenu festgehale ginn, déi an d'Entwécklungshëllef fléissen. 15% vun dëse Sue si fir d'direkt humanitär an Urgencen-Hëllef dediéiert.
Och um Konzept vun de Partnerlänner gëtt festgehalen.