Eckpunkten an de Beräicher Justiz a bannescht Sécherheet

Méi fréi wéi geplangt louch e Freideg de Moien der Press de Koalitiounsaccord vun der CSV-DP- Regierung vir.
"Lëtzebuerg fir d’Zukunft stäerken" ass en iwwerschriwwen. An en ëmfaasst 209 Säiten. D’Diana Hoffmann huet d’Kapitele Justice a Sécurité intérieure duerchgekuckt an Eckpunkte resuméiert.
Siwe Säiten a grousser Schrëft si mat Justice iwwerschriwwen. Op dëse steet direkt am Ufank ënner "Ressources", dass eng Etüd soll gemaach ginn, wéi ee méi Leit aus anere juristesche Beruffer an d’Magistratur kritt.
D’Regierung wëllt dann och d’Zuel vun den Notairen erhéijen an analyséieren, ob et méiglech ass, dass dës kéinten als Associéen zesummeschaffen. D’Stonnesätz fir d’Prestatioune vun den Affekoten am Kader vun der Assistance judiciaire sollen ugepasst ginn.
Den Effort um Niveau vun der Mediatioun solle weidergedriwwe ginn, andeems eng Chambre de médiation, déi an der Finanzmatière spezialiséiert ass, kreéiert gëtt.
Déi nei Reglementatioune vun der Europäescher Unioun zu de Recours collectifs, also der Sammelklo, sollen och hei am Land ugewannt ginn. Et gëtt awer preziséiert, dass dat am Respekt vun de Particularitéite vun der lëtzebuergescher Ekonomie misst sinn.
Ënner Réformes procédurales fënnt een dann, dass d’Comparution immediate fir verschidden Infraktioune wäert agefouert ginn. Dat am Respekt vum Droit de défense a mam Accord vum Beschëllegten. Wëll heeschen, dass zäitno e Jugement gesprach gëtt.
Am Familljerecht soll et bei de Prozeduren fir d'Adoptioun keen Ënnerscheed tëscht homo- an heterosexuelle Koppele ginn. Doriwwer eraus soll e legale Kader fir kënschtlech Befruchtung geschafe ginn. An och eng Persoun eleng soll sech kënne fir dee Schratt entscheeden.
Wat d’Regierung a graffen Zich an der Sécurité intérieure wëlles huet, ass op dräi Säiten ze fannen. Eng lokal Policeunitéit wäert bannent der Police kreéiert ginn, fir d’Proximitéit zum Bierger ze garantéieren. De Buergermeeschter huet hei d’Weisungsbefugnis fir alles wat den Ordre publique concernéiert.
Bei de Maniffe wärend der Pandemie wier dann och kloer ginn, dass een en adequate legislative Kader brauch, fir Maniffen ze encadréieren. Doriwwer eraus soll de Plazverweis verstäerkt, Videokameraen am ëffentlechen Transport installéiert an och gekuckt ginn, ob d'Poliziste sollen en Teaser kréien.