Santé a Sécu: Dokteschgesellschaften a grouss Debatt iwwert de Rentesystem

De Gesondheetssecteur war an der Walcampagne e Sujet, iwwert dee vill diskutéiert gouf.
Dat besonnesch tëscht der LSAP, déi de Ressort laang Joren an der Regierung betreit huet an der DP an der CSV, déi hir Dirigismus virgeworf hunn. Zanter de Freideg de Moien ass de Koalitiounsaccord vun der neier Regierung ëffentlech. D’Michèle Sinner huet nogekuckt, wat CSV an DP an de Kapitele Santé a Sécurité sociale festgehalen hunn.
D’Spidolsinfrastruktur soll en héije Niveau halen. Ma wéi z’erwaarden, well déi nei Regierung sou séier ewéi méiglech e gesetzleche Kader fir Dokteschgesellschafte schafen an d’Gesetz vu leschtem Juli iwwert de Virage ambulatoire reforméieren. Dat fir datt déck medezinesch Apparater a Cabineten ausserhalb vun de Spideeler kënnen installéiert ginn.
Fir dat ze bezuelen, sollen zwou nei Referenzen «Fonctionnementskäschten» a «Materiallocatioun» an d’Nomenklatur opgeholl ginn.
Do ass et natierlech konsequent, wann déi nei Regierung am Kapitel Sécu seet, si wéilt d’Prozeduren acceleréieren, fir d’Nomenklatur unzepassen. Ma wéi dat konkret soll goen, seet déi nei Regierung net.
Wat d’Maisons médicales ugeet, steet am Accord, datt d’Regierung sech no enger Etude de faisabilité géif fir d’Ouverture vun enger Maison médicale am Osten ausschwätzen an eng zweet Maison médicale am Norden opmaachen – wann d’Démographie médicale dat géing zouloossen.
D’Regierung géif gär d’Gesondheetsberuffer méi attraktiv maachen, fir der Personalpenurie Meeschter ze ginn. Dofir wéilt si d’Gesetz iwwert d’Revaloriséierung vu leschtem Summer iwwerschaffen, fir d’Responsabilitéite vun deene verschiddene Beruffer ze redefinéieren. Da solle méiglecherweis nei Formatiounen agefouert ginn, ma no enger grousser Revolutioun, fir Dokteren an deene Beräicher unzelackelen, wou der feelen, sicht een am Accord ëmsoss.
Dobäi hält de Volet Santé awer e puer Iwwerraschungen op gesellschaftspoliteschem Niveau parat. Nieft de schonn ugekënnegten Neierungen, wat d’Procréation médicalement assistée ugeet, déi an Zukunft net just Koppele soll méiglech sinn an de Neierungen am Adoptiounsrecht bei Leihmutterschaften am Ausland, engagéiert sech d’CSV-DP Regierung fir d’Protektioun vun der Identitéit vun non-binaire Persounen, si verbitt explizitt Konversiounstherapië fir LGBTQIA+-Persounen a si verbitt och explizitt Virginitéitszertifikaten.
Am Kapitel Sécurité sociale halen CSV an DP bemierkenswäerterweis fest, datt de Finanzéierungsmodus vun der Pensiounskeess, nodeems Staat, Patronen a Employéë jeeweils aacht Prozent cotiséieren, a véier Joer net méi duer geet, fir déi annuell Ausgaben ze decken - ouni iergendeng Reformpropos och nëmmen ze skizzéieren. Amplaz proposéiere si eng breet Consultatioun mat der Zivilgesellschaft, fir e Konsens iwwert d’Viabilitéit vum Rentesystem z’organiséieren. Wéini déi Consultatioun soll lass goen, gëtt net gesot.