Méi fréi wéi geplangt louch e Freideg de Moien der Press de Koalitiounsaccord vun der CSV-DP- Regierung vir.

De Claude Meisch hëlt sech vill fir a sengem neien-ale Ministère vun der Educatioun. Op d'mannst seet de Koalitiounsaccord dat aus, wou de Grupp, dee sech em Reklamatiounen an Accueil-Strukture bekëmmert, wäert ëm Leit vun der Police Judiciaire erweidert ginn, déi och net-ugemellt Kontrollen an dësen Haiser, wou Kanner betreit ginn, kënne maachen.

Méi Educateure sollen iwwerdeems forméiert ginn, dat ënner anerem op engem neie Site fir d'ENAD zu Esch-Belval. Sou Educateure ginn der dann och vill gebraucht, wëll d'Regierung wëlles huet, am komplette Cycle 1 an der Grondschoul dem Enseignant en Educateur un d'Säit ze setzen, wéi et jo ewell am Precoce de Fall ass.

D'parallel Alphabetiséierung op franséisch an däitsch gëtt wëssenschaftlech evaluéiert a kéint fréistens fir d'Rentrée 2026 fir de ganze Fondamental gëllen.

De Bachelor-Diplom vun der Uni.lu bleift de privilegéierten Accès fir Enseignant an der Grondschoul ze ginn. 180 Studente ginn an deem Studiegang d'Joer vun der Uni empfaangen.

Am Secondaire sollen iwwerdeem d'Sektiounen op den ieweschte Klassen ewechfalen. Éier dat generaliséiert fir all Lycéeë gëllt, soll d'Léieren ouni Sektiounen an engem oder méi Lycéeën ausprobéiert ginn.

Dann sollen et dem Koalitiounsaccord no dräi nei international Schoule ginn, zwou am Minett ronderëm Diddeleng an Esch an eng weider bei der Stad.