Wirtschaft: Ëffnungszäite vun Handel an Horeca solle flexibiliséiert ginn

© RTL-Archiv
Méi fréi wéi geplangt louch e Freideg de Moien der Press de Koalitiounsaccord vun der CSV-DP- Regierung vir.
Mat der neier Regierung gëtt et och en neie bloe Wand am Wirtschaftsministère, wou de Lex Delles fir de Mëttelstand ewell seng Büroen hat.
Wéi d'Regierunge virdru gëtt op prioritär Secteure gesat: Weltraum, Logistik, Gesondheets-Technologien, d'Gestioun vun Donnéeë verbonne mat der A.I. an dem Cleantech.
Déi nei Regierung iwwerschafft iwwerdeems gären d'Gesetz iwwert d'ëffentlech Ausschreiwungen, dat net effikass genuch schéngt.
En neie Gremium gëtt mat engem "Haut comité" gegrënnt, deen Talenter soll op Lëtzebuerger bréngen - an déi Secteuren, wou dës Leit gebraucht ginn.
Liberal ass d'Politik och, wat d'Ouvertureszäiten am Handel an dem Horeca-Secteur ugeet, wëll dës sollen an Ofsprooch mat de Sozialpartner méi flexibel ginn.
An d'Strategie vum De-risking fält déi weider ekonomesch Entwécklung vu Lëtzebuerger Betriber, déi net méi sollen an déi grouss wäit Welt eraus orientéiert ginn, mee a Mäert, déi geographesch méi no um Land dru sinn.
D'Patronat dierft dann och zefridde si mam affichéierte Wëlle vun der Frieden-Bettel-Regierung, datt d'Autorisatiounen, fir am Energie-Domaine ze bauen oder ze renovéieren, sollen op de strikte Minimum reduzéiert ginn. Dëst betrëfft zum Beispill déi energeetesch Sanéierung vun Haiser oder d'Installatioune vu Solarinstallatiounen.
Dann setzt d'Regierung och op den Ausbau vun urbanen Heiz-Reseauen, wou sech Stéit a Betriber kënnen drun uschléissen, grad wéi op d'Promotioun vum Waasserstoff als Energie-Source vun der Zukunft.