Tourismus: Méi Vëlospisten an e Reamenagement vun der LuxExpo

© RTL-Archiv
Méi fréi wéi geplangt louch e Freideg de Moien der Press de Koalitiounsaccord vun der CSV-DP- Regierung vir.
Eng gutt gefëllt Agenda gëtt sech den Tourismus-Minister Lex Delles zesumme mam Eric Thill, déi op e Qualitéits-Tourissem setzen, deen dem Land ekonomesch eng kloer Plus-value soll bréngen.
Sou sollen all d'Mountainbike-Pisten nei ausgeschëldert an e komplette Vëlospisten-Reseau séierstméiglech realiséiert ginn. Wann nei Stroossen gebaut ginn, soll parallel och gekuckt ginn, datt nei Vëlospisten dernieft kënnen entstoen.
An den Domaine vum Commemoratiouns- an Erënnerungstourissem fält den Ausbau vun der "Liberation Route" - engem europawäiten Trëppelwee, op den Tracë vun den Arméien, déi Europa virun 80 Joer liberéiert hunn.
Déi touristesch Entréespaart am Oste gëtt d'Wäinhaus zu Éinen. Iwwerdeems soll et eng Wäin-Lounge an der Stad ginn. Eng Contre-partie dozou soll et och zu Bréissel ginn, fir Lëtzebuerger Wäin am Ausland ze promouvéieren.
An der Stauséi-Regioun soll iwwerdeems en neien Hotel entstoen. Fir op zwou Parzelle bei Lëlz ze bauen, gëtt en Investisseur gesicht.
E weidere Bau-Projet ass dann um Kierchbierg geplangt: d'Hale vun der LuxExpo sollen engem Kongress- an Expo-Park Plaz maachen, wou Ausstellungshalen, Konferenzraim, Butteker, Restauranten, en Hotel an e weidere Concertssall sollen entstoen.