Den Zuch vun der Demokratie ass eng Aktioun, déi vum Zentrum fir politesch Bildung zesumme mat der Chamber an dem Kannermusée Plomm organiséiert gëtt.

Kanner am Alter tëscht 8 an 10 Joer kréien heibäi d’Méiglechkeet fir d’Chamber ze besichen, mat Deputéierten ze diskutéieren an hinnen hir Wënsch un d’Politik matzedeelen. Hannergrond vun dëser Aktioun ass de Weltkannerdag, um 20. November. Ma d’Kanner hu scho leschte Freideg de Krautmaart iwwerholl. Begréisst goufen déirRonn 100 Schüler vum "Mars a vum Ferni".  Fir déi Meescht war et déi éischte Kéier an der Chamber.  Deementspriechend war och d’Opreegung grouss.  A Gruppe konnten déi eenzel Klasse vu Bartreng, Ëlwen, Reiler a Suessem dunn d’Deputéiert kenneléieren an hinnen Iddie presentéieren, déi si am Virfeld an der Schoul opgeschafft haten. Konkret Propose gouf et fir e Kids-Internet mat kannergerechten Informatiounen, Podcasten a Video-Reportagen oder fir Frëndschaftsbänke mat Spiller dran, fir de Leit ze erlaben, méi einfach nei Frëndschaften ze schléissen. Weider goung och rieds vu Schoulgäert, Waasserspender a Parken oder Poubellen, déi mat Faarwen a Gesiichter méi opfälleg kéinte gemaach ginn.

An awer beschäftegen déi Jonk sech mat och méi eeschten Themen. Virop Krich, Gewalt a Mobbing. Et wier ee sech net ëmmer sécher, wann een aus dem Haus geet, datt een och sécher nees heem kënnt, huet ee Schüler vun Ëlwen gemengt. Et wier awer flott, fir mat den Deputéierten iwwer esou Theme kënnen ze schwätzen. Den Zentrum fir politesch Bildung lancéiert den Opruff fir dësen Event, wou Schoulklasse sech kënne mellen, fir mat ze maachen, erkläert d’Claire Enders vun der Fondatioun. Dëst Joer wieren et 7 Klasse gewiescht. De Maximum léich bei 140 Schüler.

Vum Krautmaart dann eriwwer op de Findel. Well och Lux-Airport hat d’lescht Woch zesumme mat UNICEF eng éischte Kéier e Kids-Takeover organiséiert. Kanner konnte verschidden Aarbechten um Fluchhafen iwwerhuelen a bei der Kontroll hëllefen. Den Terminal war donieft déi ganz Woch blo beliicht mam #GoBlue.