Den éischte Regierungsrot vun der neier Frieden-Bettel-Regierung
Um éischte Regierungsrot vun der Frieden-Bettel-Regierung gouf de Koalitiounsaccord offiziell guttgeheescht.
Domadder steet de Regierungsprogramm fir déi nächst 5 Joer.
Natierlech dréit och de Personalkarussell partiell, wann en neie Locataire an de Staatsministère kënnt. Sou gëtt de Generalsekretär vum Ministerrot ersat: an der Successioun vum Jacques Flies kënnt d'Christine Goy op dëse wichtege Posten an assistéiert domat direkt dem Staatsminister Frieden, deem si och e Méindeg de Moien als designéiert Generalsekretärin zur Säit souz.

© Emile Mentz
D'Madamm Goy war bis ewell als Generalsekretärin am Justizministère vum Sam Tanson engagéiert an hat dee Posten 2021 vun der Véronique Bruck iwwerholl.
Déi 50 Joer al Juristin hat virun 20 Joer ugefaangen am Ausseministère ze schaffen, nodeems si ee Joer um Barreau war an e Stage bei der Etude Schiltz&Schiltz gemaach hat. 2005 war d'Christine Goy fir d'CSV mat an d'Stater Gemengewalen.
De Jacques Flies iwwerhëlt dann als Ambassadeur déi nei Lëtzebuerger Vertriedung a Südkorea. Adjoint vun der Christine Goy bleift de Conseiller 1er Classe David Del Nin.
De Jeff Feller war bis ewell Chef de Cabinet beim Xavier Bettel. Ob an duerch wien de Premier Conseiller ersat gëtt, ass nach net gewosst.
"Éischte Schouldag" fir déi nei Ministeren
Eng Stonn dräi Véierels souz déi nei Ekipp beieneen, fir de éischte Cours beim Luc Frieden, deen ugekënnegt hat, et géif wéi den éischte Schouldag ginn.
An esou waren och d’Emotiounen e Méindeg de Moien e bësse wéi bei der Aschoulung, Martine Deprez:
"Opgereegt. Et hätt kënne Sonn schéngen, mee awer ganz motivéiert."
Wat hat déi nei Gesondheets- a Sozialversécherungsministerin Martine Deprez dann am Schoulsak?
"Ma de Regierungsprogramm, dee mer geschéckt kruten, den Ordre du jour a mäin Notizbuch, wou ech opschreiwen, wat ech muss matbréngen déi nächste Kéier."
Och de Georges Mischo, neien Aarbechts- a Sportminister, war virum Regierungsrot e bëssen opgereegt:
"Jo absolut, wéi den éischte Schouldag, well mer elo gewuer ginn, wéi den Här Frieden sech virstellt, fir ze schaffen a mir sinn natierlech elo gespaant, wéi et viru geet."
Dat huet de Léon Gloden, neien Innen- a Policeminister, confirméiert:
"Effektiv, et fillt sech esou un, wéi wann een déi éischte Kéier an d’Schoul geet. Et kritt een d’Consigne, wat een alles däerf maachen, wat een net soll maachen an ech freeë mech op déi nei Erausfuerderungen."
Gouf et e Méindeg iere schonn eng Ruge vum Schoulmeeschter, well de Koalitiounsaccord e Freiden entwutscht war, ier de Luc Frieden e wollt eraus ginn? Op jiddwer Fall kruten déi nei Schüler erkläert, woubäi et an der Conduite ukënnt, wéi déi méi experimentéierte Xavier Bettel nom Regierungsrot sot:
"Ech wollt och net, wësst der, deen ale Gaga spillen dobannen, deen zielt 'Pass op do drop, pass op do drop'. Mä et awer awer wichteg och, d’Reegele sinn haut anerer, wéi virun zéng oder 15 Joer. T’ass och wichteg, datt jiddereen dat weess. An datt en evitéiert Faux-pasen ze maachen. Well et ass net gutt fir dee Concernéierten. Mä et ass och net gutt fir d’Politik insgesamt."
Wourëms goung nach riets, Gilles Roth?
"Et ass haaptsächlech em organisatoresch Froe gaangen. Esou wuel wat den Ordre du jour vun der Chamber vun dëser Woch ugeet, grad ewéi och déi Organisatioun, déi en eenzele Regierungsmember muss um Niveau vu sengem Ministère maachen."
Wéi eng Conseilleren hinnen dobäi wäerten zur Säit stoen, doriwwer wier nach net geschwat ginn, esou nach de neie Finanzminister.
E Mëttwoch stellt de Luc Frieden den Detail vum Regierungsprogramm an der Chamber vir.