Méi fréi wéi geplangt louch e Freideg de Moien der Press de Koalitiounsaccord vun der CSV-DP-Regierung vir.

D'Work-Life-balance steet direkt an der Iwwerschrëft vum Kapitel iwwert d'Aarbecht am Koalitiounsaccord. Deemno wëll déi nei Regierung mat hirem neien Aarbechtsminister Georges Mischo d'Legislatioun iwwert d'Kollektivverträg iwwerschaffen, ënnert anerem fir eng Reorganisatioun vun der Aarbecht z'erméiglechen. Och d'Gesetz iwwert de Maintien dans l'Emploi soll entspriechend reforméiert ginn.

Un der 40 Stonne-Woch hält déi nei CSV-DP-Regierung fest, sou wéi et jo och ewell am Walkampf annoncéiert gouf. Och wann et vage heescht, datt eng Reorganisatioun vun der Aarbechtszäit ugestrieft gëtt, sou sollen am Dialog mat de Sozialpartner d'Roudeeg pro Woch flexibiliséiert ginn, jee wéi et dem Salarié passt.

Allgemeng wëll déi nei Regierung näischt vun uewen erof decidéieren, wat eng Reduktioun vun der Schaffzäit ugeet, mä dëst soll individuell um Niveau vun de Betriber ausgehandelt ginn.

D'Sonndesaarbecht soll iwwerdeem liberaliséiert ginn. Esou sollen an Zukunft net méi nëmme véier Stonne kënne sonndes geschafft ginn, mä Aacht. Duerfir muss de Code du Travail awer entspriechend ugepasst ginn.

Den Homeoffice soll eng geséchert Alternativ fir d'Schaffe fir d'Salariéë ginn. Deemno soll d'Zuel vun erlaabten Deeg vun Teletravail d'Joer fir Frontalieren och weider eropgesat ginn. D'Recht, sech ze deconnectéieren, soll dobäi ëmmer consideréiert ginn.

Da wëll déi nei Regierung de Rekrutement vu Leit fir kuerz oder punktuell Chargen zum Beispill a Privatstéit oder dem Restauratiounssecteur via den neie System vu "Chèques-Emploi" vereinfachen. Domat soll och géint d'Schwaarzaarbecht agéiert ginn.

Den aktuelle POT, also de Plan d'Organisation du Travail, hätt Lacunnen, dofir soll dëse Modell vum Schaffplang, dat selwecht gëllt fir d'Gesetz iwwert d'Zäitspuerkonten, net obligatoresch ginn.

Eng gréisser Reform strieft den neie Minister Mischo bannent der Gewerbeinspektioun un. Fir d'ITM soll d'Missioun nei definéiert an d'administrativ Ofleef vereinfacht ginn.

Dee selwechte Minister huet da wëlles, all Spezial-Congéen op de Leescht huelen: Dës sollen op MyGuichet zentraliséiert an d'Prozeduren harmoniséiert ginn.