De Max Hahn war scho 5 Méint Familljeminister a bleift dat och an der neier Regierung, ënnert dem Premier Luc Frieden.

Wat bedeit fir Iech de Weltkannerdag?

Fir eis soll all Dag am Sënn vun de Kanner sinn. Haut geet et haaptsächlech ëm Kannerrechter, déi mer weider musse stäerken. An ech menge mer kënnen, wa mer esou e bësse kucken, wat an der ganzer Welt am Moment esou lass ass, mengen ech kënne mer all nach ganz vill vun de Kanner léieren, déi eigentlech an d'Welt erakucken, ouni ze diskriminéieren, ouni Virurteeler. An ech mengen do kënne mer eis alleguerten, och mir Erwuessen, eng gutt Scheif ofschneiden.

Wat maacht Dir da konkret fir d’Kanner?

Et gëtt nach Villes wat een ausbaue kann, zum Beispill duerfir ze suergen, dass mer op där enger Säit natierlech dat méiglechst fir d'Kannerbetréiungen ubidden an op där anerer Säit och duerfir suergen, dass Eltere Beruff a Famill ënner een Hutt kënne kréien. Also genuch Zäit hunn, fir hir Kanner. An dat ass eppes, wat mech och als Familljeminister dreift.

Dir sidd selwer Papp, wéi kritt een als Minister genuch Zäit fir d’Famill?

Dat ass natierlech schonn e Challenge. Trotzdeem probéieren ech, op der enger Säit trotz gutt gefëlltem Kalenner Zäit fir mäi Jong a mäi Meedchen ze fannen, awer och fir meng Fra. An déi Zäit ass immens kostbar a gëtt mer Kraaft. An obwuel se ustrengend ass - all déi, déi Kanner hunn, wësse vu wat ech schwätzen - ass et eng Zäit, wou mer hëlleft, meng Batterien opzelueden an ze genéissen.

Wat géift Dir maachen, wann Dir nach emol Kand kéint sinn?

Da géif ech mer eppes fir de Kleesche wënschen. An ech géif mech immens gutt schécken, fir dass de Kleeschen och u mech denkt. Et ass jo elo net méi ganz wäit.