Onbegleete Mannerjäreg aus juristeschem an administrative Flou huelen

© Afp
D'Unicef an den Okaju hunn hire Rapport iwwer onbegleete Mineuren hei am Land presentéiert. Et wieren nach eng Partie Lacunnen ze behiewen.
Hei am Land liewen den Ament 156 onbegleete Mineuren an de Strukture fir Refugiéen. Dëse Chiffer wier an de leschte Jore massiv geklommen. 2021 waren et nach eng 80. Déi zwou Organisatioune ruffen dofir dozou op, dass dëse Jonken hir Rechter gestäerkt ginn.
Wann en onbegleete Mineur zu Lëtzebuerg ukënnt, ass seng éischt Ulafstell d’Direktioun vun der Immigratioun. Do geet de Jonke meeschtens relativ séier, mee dacks eleng hin, erkläert den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, de Charel Schmit.
Dëst ass ee vun de Kritikpunkte vum Okaju an der Unicef. D’Associatioune fuerderen, dass net d’Direction de l’immigration, mee den Office national de l’enfance (ONE) éischt Ulafstell fir den Accueil gëtt. Hei soll och d’Altersbestëmmung gemaach ginn, seet d’Anke Vandereet vun der Associatioun Passerell, déi beim Rapport matgeschafft huet. Et wier ee scho vu Fäll gewuer ginn, bei deenen Drock op Jonker gemaach gi wier, dass si sollen en Dokument ënnerschreiwen, wat hier Volljäregkeet géing bezéien. Hei misst d’Présomption de minorité gëllen.
Den Ament ass et esou, dass wann de Mineur bei der Direktioun vun der Immigratioun eng Demande fir internationale Schutz gestallt huet, hien e Recht op en Tuteur huet, deen hie bei alldeeglechen Demarchen ënnerstëtzt. Awer och op en ad Hoc Administrateur, wat gewéinlech en Affekot ass, deen him bei de juristesche Prozeduren hëlleft. Och wann et hei géinge Verbesserunge ginn, wieren d’Delaien, bis se dëse Support kréien, dacks nach vill ze laang, betount d’Alexandra Gardeur vun der Unicef.

© Diana Hoffmann / RTL
Stellt de Mineur da keng Demande op internationale Schutz bei der Direction de l’immigration, bleift en op sech eleng gestallt. D’Mënscherechtsorganisatioune fuerderen dofir, dass all Jonken, ob en eng Demande stellt oder net, ënnerstëtzt soll ginn an deemno e gewësse Statut soll hunn.
Awer och déi finanziell Ënnerstëtzung fir eng psychologesch Prise en Charge vun deene Jonken, déi deels scho vill erlieft hunn, misst erhéicht ginn. An iwwer e besseren Encadrement fir Familljen, déi en onbegleete Mineur bei sech ophuelen, soll nogeduecht ginn. Den Ament géingen et hei am Land just zwou Famillje ginn, huet d’Anke Gardeur ënnerstrach. Doriwwer eraus wier et och wichteg, dass de Mineur weider begleet gëtt, wann e Volljäreg gëtt.
Bis d’Prozeduren, fir de Statut vum unerkannte Refugié ze hunn, ofgeschloss sinn, kann emol bis zu 3 Joer daueren, ënnersträicht de Charel Schmit. Eng 500 Deeg bis eng éischt Decisioun vun der Administratioun gemaach gëtt, dann nach eng Kéier eng 500 wann nach Decisioune vum Verwaltungsgeriicht géingen drun hänken. Eréischt nodeems d’Prozedur ofgeschloss ass, ass d’Familljenzesummeféierung méiglech, falls de Jonken dat wënscht.
Virun 30 Joer huet Lëtzebuerg d’Kannerrechtskonventioun ratifizéiert. Eng ganz Partie Saache wieren net esou ëmgesat wéi d’Konventioun fuerdert, huet de Charel Schmit betount. Am éischten Trimester 2024 wäert den Okaju säi Rapport annuell presentéieren. De Schwéierpunkt wäert op der pediatrescher Versuergung am Land leien, wou weder den Zougang, nach d’Infrastruktur gutt genuch wier. Am Domaine vun der Santé mentale bei Kanner a Jugendleche géingen et da Waardelëschte ginn. Den Accès au Droit misst da verbessert ginn, andeem déi Concernéiert méi séier e Kanneraffekot op d’Säit gestallt kréien. Doriwwer eraus gouf kritiséiert, dass de Mobibus misst verbessert ginn, dass Kanner a Jugendlecher mat engem Handicap géinge pünktlech an d’Schoul kommen.