De Claude Meisch iwwer seng Aufgaben als Logements- an als Educatiounsminister

© Emile Mentz
De Claude Meisch behält jo an der neier Regierung bekanntlech de Ressort Educatioun, ma kritt nach de Ressort Logement dobäi.
Dowéinst war et zanter leschtem Mëttwoch vu ville Säite Kritik ginn. Firwat engem Minister zwee esou grouss a wichteg Ressorten ginn?
De Claude Meisch huet e Méindeg nom éischte Regierungsrot reagéiert an erkläert, wéi hien den Defi an enger éischter Phas wäert ugoen:
"Mir hunn dat de Moien am Regierungsrot gemaach, wat ech déi lescht Deeg gemaach hunn a warscheinlech nach déi nächst Deeg a Woche maachen: Mech z’organiséieren, d'Ekippen op de Ministère z'organiséieren, ze kucken, datt mer do eis gutt opstellen, fir deenen zwee Defien a villen aneren Defie kënne gerecht ze ginn. Ech si frou, an der Educatioun op där enger Säit, dat kënne weider ze dreiwen, wat mech ëmmer ugedriwwen huet, nämlech gutt Bildungschancë fir all Kand. An op där anerer Säit awer och mech kënnen ëm en Thema ze këmmeren, wat mer awer virdru schonn als Buergermeeschter net friem war, nämlech ze kucken, datt jiddereen am Land eng Kéier kann zu vernënftege Konditioune wunnen. Béides ass wichteg a béides wäert mäi vollst Engagement fannen."