De Luc Frieden hätt gewollt, dass a schwieregen Zäiten net wärend e puer Méint eng net voll handlungsfäeg Regierung um Rudder wier.

Dofir hätt een elo knapp 6 Wochen no de Chamberwalen e Méindeg als nei CSV-DP-Koalitioun eng éischte Kéier e Regierungsrot ofgehalen.

"Mir hunn e Problem am Bau, mir hunn e Problem an der Ukrain, am Noen Osten. D’Regierung muss aktiv ginn a mir hunn intensiv negociéiert. Mir sinn net der Meenung, dass an engem Koalitiounsaccord de leschten Detail vun all Gesetz muss stoen."

Dat wier d’Erausfuerderung fir déi ganz Legislaturperiod, esou de Luc Frieden a sengem éischten Interview als Premier am RTL Journal. Déi grouss Linne vum Koalitiounsprogramm wieren déi, mat deenen CSV an DP an d’Wale gaange wieren, an déi géif een an den 209 Säiten och erëmfannen.

"Ech wëll souwuel en Teamplayer sinn, wéi e Leader", esou de Luc Frieden. Dat géif awer net heeschen, dass een anere Saachen diktéiert. De Kapitän vum Schëff misst awer scho kucken, dass dat Schëff an déi richteg Richtung fiert. Den Teamgeescht tëscht de Ministere wier och wichteg, dat een de Koalitiounsprogramm als Regierung kéint ëmsetzen.

De Luc Frieden am Interview / De Resumé vum Dany Rasqué

Ginn d’Steiere fir jiddereen erof?

Am Walkampf hat de Luc Frieden versprach, dass d’Steiere fir jiddereen erofginn. Op d’Fro, ob dat elo kënnt, war et d’Äntwert:

"Ech fannen datt eng Adaptatioun vum Steier-Barème ëm 4 Indextranchen eng substanziell steierlech Entlaaschtung ass, déi all Mënsch hir Kafkraaft wäert stäerken."

D’Steierpolitik wier e wichtegt Instrument och am Logement, et wier och en Instrument fir wirtschaftlech Kompetitivitéit. D’Steierpolitik misst een dofir als e Ganzt gesinn, an do géifen nach eng Rei aner Mesure nokommen, esou de Premier.

Logementsproblematik

Kuerzfristeg géif een als Regierung virgesinn, dass et zu enger Reunioun tëscht dem Staat, de Gemengen an dem Handwierk kënnt, fir iwwert d’Logementsproblematik ze diskutéieren. Wann een et géif fäerdegbréngen, dass nees méi gebaut gëtt, da géif et de Leit besser goen an et géif méi Aktivitéit ginn.

"Mir musse versichen, op nationalem Plang d’wirtschaftlech Aktivitéit unzekuerbelen, do hëlleft d’Erhéijung vun der Kafkraaft, do hëllefen déi Moossnamen, déi mer do Aféieren. Da wësse mer, dass d’wirtschaftlech Situatioun schlecht ass, mee ech mengen, dass mer an de nächste Joren dat kënnen ëmsetzen, wat mer eis virgeholl hunn."