De gebiertege Maacher huet an de 60er Joren Architektur zu München studéiert a war iwwer laang Joren Dozent op der TU Wien an op der Yale University (USA).

Mëtt de 70er Joren hat de Rob Krier säin Architektebüro zu Wien gegrënnt, fir et duerno op Berlin ze verleeën, wou hie mam Christoph Kohl zesummegeschafft huet.

Bronze-Skulpture vum Rob Krier stinn der z.um Beispill am Beetebuerger Collart-Schlass, op enger Rëtsch Plazen an Holland, mä och um Helleggeescht-Plateau, wou déi 14 grouss Skulpturen am Haff vun der Cité Judiciaire incontournabel sinn. Och d'Pläng vun de Geriichtsgebaier hat de Rob Krier gezeechent, déi 2008 ageweit gouf.

Den Architektekolleeg François Valentiny éiert de Rob Krier als gudde Frënd, deen a sengem Wëllen ëmmer Neits ze schafen, sief et an der Architektur, dem Urbanismus an dem Sculptéieren iwwert säin Doud eraus sengesgläichen sicht.

Nach am Mee dëst Joer war de Miseler Jong Rob Krier an der Fondation Valentiny zu Rëmerschen als Éieremember vum OAI ernannt ginn.

Bekannt ass iwwerdeem och de Brudder vum Rob Krier, de Léon Krier, deen och als Architekt aktiv ass an 8 Joer méi jonk ass wéi säi Brudder.

RTL

© Privat